bio

Serge Tonnar & Legotrip

Serge Tonnar: Gittar, Gesang
Eric Falchero: Tasten, Gesang
Rom Christnach: Bass, Gesang
Misch Feinen: Schlogezei, Gesang

De Serge Tonnar a säin Orchester Legotrip beweise mat groussem Erfolleg, dass et wichteg ass Geschichten vun hei an elo an der Sprooch vun hei an elo ze zielen. Dem “Eeenheetsbräi fir et am Ausland ze packen” gi si aus de Féiss a sichen ëmmer nees nei Weeër fir de Publikum op ongewinnte Plazen, mat ongewéinleche Kläng z’iwwerraschen.
Mam leschten Album “Bommeleeër Buddha” ginn déi musikalesch d’Influenze vu Volleksmusek iwwer Hiphop, Blues, Gospel, Reggae bis Salsa an Tango. Et sinn déi ongewinnten Arrangementer, mam Boris Dinev senge Marimbakläng an dem Eric Falchero senge Stëmme fir gemëschte Chouer, déi en neie Sound an eng Eenheet an d’Wierk bréngen.
An den Texter geet et ëm d’Roll vum Mënsch a vum Kënschtler, tëscht dem Bommeleeër, also dem aktiv an der Gesellschaft implizéierten an engagéierte Bierger, an dem Buddha, oder dem Philosoph deen, aus enger spiritueller Distanz, e liicht ironesche Bléck op déi selwecht Gesellschaft gehäit. An déi zwee sinn, méi wéi ëmmer, néideg fir als “Mënsch deen dësen Numm och verdéngt” duerch d’Liewen ze trëppelen, och wann et an VerLoscht heescht: “Mir ginn net duerch d’Liewen, d’Liewe geet duerch ons”. 
2018 sinn d’Jongen an der Paus a spille just een eenzege Concert, d’Fest vun der Heemecht. 2019 gesäit een Legotrip dann nees méi oft op de Bühnen.