TEXTER

1
ai podjolsk
ai podjolskeda ku brieschnä
pra vregieschnä
di avge na bredalsk

dobriäsch podalk
kedief nedalsky
dobriäsch podalk
bee briech alpinski

da pedralskia
da bedjiewskia
dewarischkief
popa podialsk
nietke daralsk

2
nostrov kedielsk
do brejniewke do skedalk
pëtrof danielsk
pëtrof danielske na pedjalk

veluelzechtdallskie
do briech pedalsk
veluelzechtdallskie
ex-junky fallsk

da pedralskia
da bedjiewskia
dewarischkief
popa podialsk
nietke daralsk

1
wou sinn all déi al kollegen
firwat ass kee méi ze bewegen
se melle sech just nach fir sech opzeregen

wou si se hinn, all déi gudd al frënn
wann ee sech ni gesäit, mécht dat kee sënn
da war et mat der frëndschaft dach e bëssen dënn

refrain
‘t war mir wéi wann do nach eppes komme misst
keen ofgekackte beat op der danzpist
‘t war mer wéi wann dat fir ëmmer wär
ech hu vläicht eng déck haut, awer e mëlle kär

2
ech wëll jo lo net nostalgesch ginn
obschonns ech schon um gudde wee sinn
eng tréin am knäpplach muss heinsdo sinn

dofir sidd mer net béis wann ech owes spéit
den telefon am grapp a schon zimlech gebéit
eng nooriicht hannerloossen vun dubioser qualitéit

3
da maacht lo all är kanner an ären job
gidd är al kollegen fir en noper op
an trëppelt duerch d’groussgaass mat ärer barbiespopp

wiesselt den trottoir wann der mech gesitt
maacht den handy aus, dass der net gestéiert gitt
a sot ärem spamfilter dass meng mail an d’poubelle flitt

4
an et kënnt den dag do hudd och dir es saat
dann ass eng schréips am lack an et bréckelt d’fassad
dann denkt der un déi frënn, déi der deemols haat

da kommt roueg laanscht a rabbelt un der dir
bei dene kollegen denen et geet wéi mir
do ass nach plaz am häerz an och hannert der stir

refrain
mir wossten all dass do nach eppes komme misst
e leschten tour zesummen op der danzpist
mir wossten all dass dat fir ëmmer wär
mir hun zwar eng déck haut, awer e mëlle kär

1

et deet mer leed, mäi covidiot

et deet mer leed, du affer mäin

mat oder ouni qr code

et deet mer leed, du täter mäin

 

et deet mer leed, mäi klengen nazi  

et deet mer leed, du affer mäin

dommt schof an hobbypaparazzi

et deet mer leed, du täter mäin

 

et deet mer leed korrupte pak

et deet mer leed, du affer mäin

nidderträchtege knaschtsak

et deet mer leed, du täter mäin

 

2

ech verzeien dir, du queeschen denker

ech verzeien dir, du affer mäin

mäi sündebock an och mäin henker

ech verzeien dir, du täter mäin

 

ech verzeien dir an dengem schlechte karma

ech verzeien dir, du affer mäin

bill gates, de flicken a big pharma

ech verzeien dir, du täter mäin

 

ech verzeien dir, houer regierung

ech verzeien dir, du affer mäin

an du dee gleeft un all verschwörung

ech verzeien dir, du täter mäin

 

refrain

an all aasch gëtt fräigeschwat

an d’zopp gëtt net méi gliddeg giess

all domm kou gëtt nees geschat

an all schold déi ass vergiess

 

an all d’mënsche ginn nees bridder

am schoulhaff a beim glas wäin

mir sangen nees déi selwecht lidder

alles wat mäint ass, ass och däint

 

3

ech hunn dech gär, mäi covidiot

ech hunn dech gär, du affer mäin

mat oder ouni qr code

ech hunn dech gär, du täter mäin

 

ech hunn dech gär, mäi klengen nazi

ech hunn dech gär, du affer mäin

dommt schof an hobbypaparazzi

ech hunn dech gär, du täter mäin

 

ech hunn dech gär, korrupte pak

ech hunn dech gär, du affer mäin

nidderträchtege knaschtsak

ech hunn dech gär, du täter mäin

1
ech an all meng kollegen
mir si r+r fans
a mir mussen eis bewegen
haut spillt eng r+r band
haut den owend bleiwt kee sëtzen
op der danzpist ee gedrécks
op eemol aen wéi feireg blëtzen
et ass eng r+r schécks

refrain
am zigarettendamp
si mir eis méi no komm
am zigarettendamp
zéihe mir eis op d’long

2
dat war vrun 20 joer
lo ass hatt meng r+r fra
mir hun allenzwee gro hoer
an zwee r+r kids gemaach
ech sinn och vill méi brav ginn
a r+ren haut méi lues
a wann ech mol wëll gas ginn
méihen ech de r+r wuëss

refrain
am méihmaschinnendamp
ma mir en neien danz
am méihmaschinnendamp
heemelt hatt mer zäertlech d’béierpanz

1

mäi misär mellt sech moies an den noriichten

well s’an den noriichten, näischt noriichten

nëmme krëmmen a béien, dem doud seng zuelen undréien

accidenter déi geschéien, leit déi vun der aarbecht fléien

 

ech drénke mäi kaffi well mam paulette a mam xavier

a klappen da wéi geckeg mäi misär an de clavier

muss mer d’liewe verdierwen, an äre schierbele liewen

all dag fäerten ze stierwen an all dag bieden z’iwwerliewen

virun all diere kieren, mech géint all vire wieren

amplaz vun äerdbiere ginn et just äerdbiewen

 

refrain

an awer ass den himmel nach ëmmer blo

an d’uelzecht fléisst duerch d’wisen, guer keng fro

an d’sonn déi schéngt op eis erof

wéi wann näischt wär, wéi wann näischt wor

an d’liewen, stellt sech guer keng fro

 

2

ech verdroe keen drock méi, an ech verdroe kee sträit méi

an all klenge bobo deet fir méi eng laang zäit wéi

all kleng laascht déi ech droen hënnert mech well beim goen

heiansdo muss ech mech froen, huet et e wäert opzestoen

 

a wann et iwwerall brennt an een der zäit just norennt

gëtt och d’liewen am moment méi schwéier wéi een dat soss kennt

an dofir muss ech eraus, hänke schonn ze laang am haus

soss bleift d’gefill net aus mäi liewe wär schonn aus

 

3

a wann déi ganz welt op der kopp steet

och wann däi léifste vun dir geet

wann s de kee méi kanns léifdrécken

wann s de mengs du géifs erstécken

jo souguer wann s du muss selwer goen

muss d’liewen awer weidergoen, weidergoen

d’liewe muss nach weidergoen

 

refrain

an dofir ass den himmel nach ëmmer blo

an d’uelzecht fléisst duerch d’wisen, guer keng fro

an d’sonn déi schéngt op eis erof

wéi wann näischt wär, wéi wann näischt wor

an d’liewe stellt sech guer keng fro

 

an alles wat kënnt, dat muss och goen

alles wat geet, wäert operstoen

erhief dech, stell der guer keng fro

 

a komm mir trëppelen hand an hand

an den horizont, och géint all wand

a liewen, stellen eis guer keng fro

mat der zäit ginn aus de kanner leit
an da solle si op d’welt uecht ginn
dofir gi si jo ëmmer méi gescheit
fir dass mir hinnen onst vertraue ginn

wann dann déi al leit den neie leit
wéi d’olympesch flam hiert wierk weiderginn
erhale si dat aalt a schafen dat neit
sou war et mol geduecht zanter mir mënsche sinn

mat der zäit ginn aus de kanner leit
an da solle si op d’welt uecht ginn
ma wann ee gesäit wat dat elo bedeit
wär et net besser wann aus leit nees kanner ginn

wann dat alles war, wat mer fäerdeg bruecht
wann eis dreem ëmmer zu manner sinn
a wann d’spillplaz gëtt d’plaz fir eng schluecht
wär et besser wann aus leit nees kanner ginn

bassdebekifftbassdebekifftbassdebehffffhhhhh ?


schsinn iwwerhaapt net bekifft
wéi kënnsdanndorobber
schsi just zimlech relax
einfach zimlech relax

bassdebekifftbassdebekifftbassdebehffffhhhhh ?


schdämpen iwwerhaapt net héier
vwat soll ech da bekifft sinn
eh eh
schka mëch och ouni drogen ameséiren

bassdebekifftbassdebekifftbassdebehffffhhhhh ?

solauschtermol
wéi oft hunschder loscho gsot dass ech net bekifft sinn, he?
ech sprëtze keen haschisch
ueh, somol

hei këtmengfrëndin, so
moie stupp

“sinn dat deng nei kollegen, he?
sinn dat, sinn dat deng nei kollegen?
féier mech elo heem
féier mech elo direkt heem
féier mech heem
féier mech elo direkt heem!”

sou, lo hunschdat dervunn
déi nächste kéier schwätznsch guer net mat iech
schunetgedämpt a netgesoff
alokannschonees heemfuern
“so, wi heeschs du?”
ah, schsinnde raoul

1
kann et wéinst dem optiker sinn
huet hee mir vläicht e falsche brëll ginn
ech kann iech all net méi gesinn!
muss ech en orl besichen
muss hee mer d’nues vläicht ënnersichen
ech kann iech all net méi richen!

refrain
leckt mech dach all am aasch
ech fueren op d’belsch plaasch
ouni pass ouni bagage
fueren ech op d’belsch plaasch
keng vignett, kee péage
vun hei bis op d’belsch plaasch
eddi a bon voyage
ech sinn op der belscher plaasch

2
an hunn ech d’féiss da bis am sand
an d’hoer fléihen am wand
eng fläsch béier an der hand
da braauch ech keng côte d’azur
keng knippercher vum namur
keng massage, keng pedikür

refrain

bleif nach eng weil

bleif nach eng weil

nach e lidd, nach eng zeil

bleif nach eng weil

 

 1

nach e stéck

op dem wee

bësse gléck

bësse leed

 

aus dem dall

op de bierg

nach en dall

nach e bierg

 

vun der sonn

an de reen

nach eng ronn

nach eng zeen

 

2

wat ass lass

bannendran

mol zerrass

dann nees ganz

 

du deen denkt

du dee fillt

ni eleng

ni ze vill

 

an du bass

och nach deen

dee just ass

an dee seet

 

bleif nach eng weil

1
grouss gefiller maache mech ganz kleng
an trotz dem gewiicht dron ech se ganz alleng
si fale mer an d’wuert, si huele mer meng sprooch
dat ganzt alphabet läit op eemol brooch

wann näischt soe gold ass, sinn ech ee vun de räichen
mee kann ech mat deem gold och meng scholde begläichen
oder hëllt deng bank mäi gold guer net un
well ech hypothéiken op de gefiller hunn

a well et ëmmer sonndes ass
a well ee sonndes do seng séil verkeeft
a wells du dach dat eenzegt bass
wat och nach sonndes u mech gleewt

an ech sinn ëmmer just e mann
deen “et deet mer leed” net soe kann
a wéi e mann, net ganz originell
son ech et mat blumme vun der tankstell

2
du bass de moien nach an de buttek gelaf
hues do eng schëpp an e kichemesser kaf
déi al ware schéngt et net méi schaarf
mee ech duecht alt e messer gehéiert an de kicheschaf

du sooss déi blummen déi wierken net méi echt
‘t sinn net déi éischt, mee lo sinn et déi lescht
ech hunn am gefill, du hues keng méi loscht
mee vläicht läit dat och um kichemesser an der broscht

a well et schon nees sonndes ass
a well ee sonndes bei seng séile geet
a wells du dach dat eenzegt bass
wat ëmmer sonndes bei mer steet

an du bass ëmmer nach eng fra
an d’revanche ësst de gär als kale plat
fir mat op d’graf, keefs du nach ganz schnell
e bouquet blumme vun der tankstell

1
wat ass schonn en haus wa kee méi dra wunnt
wat ass eng stad wou se all ausgezunn
wat ass e pëtz ouni waasser a gronn
e kierchtuerm wou d’klacken net lauden all stonn
wat ass e schëff ouni steier am stuerm
an ouni feier wat ass dann de liichttuerm
e karussell wa keng kanner do sinn
ass dat nach e wee, dee féiert néierens hin

2
bonjour an awuer, ech muss mech vu mir trennen
mäin numm ass just e wuert, mat deem dir mech wëllt vernennen
dee mënsch deen ech mol wor, ass am gaange fort ze rennen
dir braucht och net ze maache wéi wann der mech géift erkennen

bonjour an awuer, ech muss mir selwer äddi soen
ech muss ëmmer erëm fort, an da bleiwen ech kuerz stoen
dann dréinen ech mech em, fir de wee zeréck ze goen
ma ech muss ëmmer méi wäit, an och ëmmer vill méi laang goen

bonjour an awuer, ech muss mech vu mir trennen
dir braucht awer nach net all meng saachen ze verbrennen
bleift nach e bëssen hei, och wann ech iech net gläich erkennen
well ech kommen heiansdo erëm, an u wee soll ech mech da wennen

bonjour an awuer, ech muss mir selwer äddi soen
ech weess net ween ech sinn, an ech kann des welt net verstoen
ma wee weess scho ween en ass, wee kann dat vu sech soen
a wee ka vu sech soen dass en des welt ka verstoen

3
am haus wou kee méi wunnt do ass plaz méi wéi genuch
an déi verloosse stad kënnt d’natur nees op besuch
an de pëtz ouni buedem ass an d’onendlecht gewuess
a wann d’klacken net lauden, vergeet d’zäit méi lues

an e schëff ouni steier geet duer wou et wëllt
an de liichttuerm deen aus ass weist de wee bei d’stëllt
um karussell ouni kanner fueren déi al elo drop
an de wee deen néierens féiert hält och néierens op

1
keen neon vrun der dir
kee schëld an enger rumm
kee parking fir d’gefier
dee bistro haat keen numm

refrain
bei engem humpen an enger drëpp
sëtzen d’bopen um stamminet beim pëpp
bei engem humpen an enger drëpp
sprangen d’bopen dem doud vun der schëpp

2
haut steet do eng bank
a wa mir bis bope sinn
alleng an al a krank
wou gi mir dann hin

refrain
fir eisen humpen a fir eis drëpp
wou sëtze mir dann, wann et kee pëpp méi gëtt
fir eisen humpen a fir eis drëpp
wou sprange mir dann dem doud vun der schëpp

3
an d’moral, wann et eng gëtt
dir meedercher a jongen
net ëmmer heescht de fortschrëtt
dass mer och virukommen

refrain
drénkt mol en humpen, drénkt mol eng drëpp
wéi deemols d’bopen um stamminet beim pëpp
bei engem humpen an enger drëpp
sprangt mat de bopen dem doud vun der schëpp

1
jidderee schwätzt vun der krise
ech spieren se awer net sou richteg
vläicht läit dat och u menger analyse
do ass d’ekonomie net grad sou wichteg

mee wat ech haut um radio héiren hunn
huet mech enges bessere beléiert
de präsident vun der chamber dee war drunn
a wat dee sot, dat ass einfach onerhéiert

refrain
fir déi aarm wéi fir déi räich
‘t ass finito mam schampëss aus frankräich
‘t gëtt just nach crémant an der chamber
mee gott sei dank sinn ech do net member

2
um nordpol schmëlzt dat éiwegt äis
an afrika sinn d’kricher net zivil
am nohen osten explodéiert d’paradäis
an iwwerall sinn d’mënschen zu vill zevill

déi ganz welt steet op der kopp
an 2012 geet se ënner
krisen a kricher ouni stopp
a wee leidt am meeschten dorënner

3
haut denke mer un déi aarme sei am parlament
un dee kabes dee s’eis all schon erzielt hunn
un de crémant als hire krisemanagement
an all déi leit déi déi leit do gewielt hunn

well jiddereen huet dat wat e verdéngt
ausser ech, well ech hunn dech
a wat de präsi vun der chamber esou drénkt
ass mir egal, well haut kënnt schampëss op den dësch

1
ech sinn nach am schlof, a scho schwätzt d’maschinn, seet: “dajeelo!”
stéi op a géi erof, maach kaffi deen heet: “dajeelo!”
meng schécks liest mer d’news, wéi wann ech d’welt rette kann: “dajeelo!”
ech sinn net amused, wär gär daf a blann: “dajeelo!”

refrain
yalla yalla, allez allez, hopp hopp,
komm maach schonn, zack zack, hëpp, dajeelo!

2
ech maachen e stong an de käddi, awer ech si vill ze midd
d’keessjär seet: “äddi, a maacht emol en neit lidd!”
verkafen ech meng séil fir e lidd, da sinn ech esou wéi de faust ginn
an esou ass et geschitt, dofir kléngt dat hei scho wéi de fausti

3
ticktack ticktack, d’auer tickt a gëtt den takt
mir ticken all, well mer all, als kanner all, schonn dra gefall
ticktack ticktack ticktack ticktack, d’auer tickt eng ticktatur
mir ticken all, well eis all, als grousser all, näischt agefall
fir do deem ganze wahn, dach emol en enn ze maachen
oder nei grenze maachen, fir d’weisheet mol nei zänn ze maachen
a mir lafen, a mir lafen, ee leeft virun honnert afen
kafen, verkafen, all dag d’welt nei schafen
iwwerwannen a gewannen, ëmmer nees d’polver erfannen
a vill fäerten, well mir wäerten d’course géint d’zäit nimools gewannen

4
an dofir soen ech der zäit: “du kanns mech emol vergiessen”
“et gëtt elo héich zäit, well du bass just gutt fir dech selwer ze miessen”
ech soen: “bleif emol stoen!”, a kanns du mech net héieren
da loossen ech dech stoen, et ass sou schéi fir dech ze verléieren

1
de faust huet seng séil verkaf un de mann aus der ënnerwelt
ech hu meng just verléint fir en owend an engem zelt
ech sëtzen hannert der uergel, sangen a spillen de clown
ech kucken an d’leit a gesinn, déi wëllen nach net heemgoen
de claus hannert dem mëschpult, dee wëll scho feierowend maachen
mee ech spille weider, net fir de goss, mee fir d’glënneren an ären an

2
et sinn der eng jett déi soen, dat ass keng grouss konscht wat ech maachen
d’texter sinn net gescheit an d’musek just ummtatta
et ginn der awer vill méi, déi hätte gär spaass fir hiert geld
no enger woch schaffen a schlechten noriichten aus aller welt
da lauschtert dach nëmmen är traureg musek mat tréinen an den an
awer et ass vill méi schwéier fir d’leit een owend laang glécklech ze maachen

3
d’dëppefest ass gelaf, d’leit tierkelen heem, zeréck an hire stot
an ech pake mäi ganzt geschir a meng kabelszalot
de kostüm ass plätschnaass geschweesst, dee brauch ech net méi ze netzen
an ech denke kuerz drun, ech kann dee mol net vun de steieren ofsetzen
a kucken ech um parking dann an d’stäre mam tinitus an den oueren
da fannen ech fir d’vrecke kee gronn fir hei grouss ze soueren

4
an enges daags weess ech, dat heiten, dat war dee leschte bal
deen nächsten deen ass am himmel, well da sinn ech laang scho kal
ech hoffe just dass dann do uewen anerer op der bühn stinn
well ech hu mäint ginn, an ech well och mol am publikum sinn
dann denken ech kuerz zeréck, wéi schéin et dach heinidde war
an danzen e leschte slow mam natascha aus der bambubar

1
eng siren am fade out
eng bremsspuer an d’natur
a kräid um makadamm
ween huet hei sand gestreet
wee schiebele gelooss

de verkéier ass emgeleet
an d’ambulanz scho laanscht
de schrott gouf ofgeschleeft
an op der lénker stroossesäit
sëtzt just alleng e mann

refrain
an et rullt neess op der streck
tëschent häerz an hier
et bleift just e bluttfleck
an téitschen an der dir
keng peng méih a kee leed
keen deen no verletzte freet
wann de speaker et scho seet
den akkzident ass geraumt

2
keen dokter deen eppes weess
keen dee sou wonnen heelt
hei bezillt keng krankekeess
wa souen organ feelt
kee spender deen do deelt

refrain
an awer rullt et op der streck
tëschent häerz an hier
et bleift just e bluttfleck
an téitschen an der dir
kee misär, kee verdross
all tréin gëtt iwwerfloss
firwat seet de speaker soss
den akkzident ass geraumt

1
mir haten en hit op rtl
lo brutzele mer an der mainstreamhell
eis al kollegen, déi alternativ
bekucken eis, wann iwwerhaapt, da schif

mir schwieren iech, ‘t war net sou gemengt
dat lidd mat deem mir d’charts gesprengt
wollte mer am fong net op den disk dropman
et war am fong geduecht fir e witz ze man

an op eemol hate mer blutt geleckt
an engem stéck déi nei charts gecheckt
mir wollten et bis ganz uewen hi packen
a vun do dann erof op déi ganz welt kucken

refrain
dofir wëlle mer ni méi en hit op rtl
da sëtze mer nach léiwer an enger zell
ni méi gëlle plakken uewen um schaf
ni méi dem däiwel eis séil verkaf

nee ni méi en hit op rtl
ni méi an enger playlist mam adele
ni méi eppes wat engem hit gläicht
léiwer kredibel wéi erfollegräich
gëschter an och haut
da si mer léiwer nees out

2
awer nom hit ass och virum hit
et kritt een net genuch vun deem shit
an ass een dru gewinnt, da braauch een de kick
an den underground ass op eemol net méi sou schick

a da ginn et all déi leit déi et selwer net kënnen
awer aneren op kee fall den erfolleg gënnen
ass et arroganz oder de blanken näid
déi kënne sech just freen wann een um buedem läit

ma och wa mer keen anere fir den erfolleg brauchen
gëtt et een deem mer mussen hanne rakrauchen
dee kënne mer net ofblëtze loosse well
dat ass de chef vun der musek bei rtl

refrain
well soss kréihe mer ni méi en hit op rtl
dat ass vill méi schlëmm wéi an enger zell
dann awer léiwer nees d’gëlle plakken um schaf
och wa mer dofir dem däiwel eis séil verkaf

mir wëllen nees en hit op rtl
mir wëllen nees an d’playlist mam adele
mir wëlle bei déi schéin a bei déi räich
vläicht net méi kredibel dofir erfollegräich
gëschter an och haut
mat gitarsolo a fade out

d’denker an och d’philosophen, an all d’mënschen an de stroossen
froe sech: “wou gi mer hin, a wat soll d’quell vum liewe sinn?”
mir si keng gëtter a keng déieren, wëssen net wou mer hi gehéieren
wësse vun dësem liewen am fong just dass mer stierwen

an ech soen: “papperlapapp a blablabla barbapa marmelade
papa mama tatta mammelikanner”

an du hëls dech sech sou eescht, mengs dass keen der d’waasser reecht
a wäers méi wichteg wéi déi meescht, an häss iwwerhaapt scho vill geleescht
mengs dass dat eppes heescht

an ech soen: “papperlapapp a blablabla barbapa marmelade
papa mama tatta mammelikanner”

ech si gott begéint, an ech frot gott:
“hey, gott, kanns du mer hëllefen? wat ass de sënn vum liewen?
firwat musse mer alleguer stierwen?
wou ginn ech hin? wou sinn ech? wee sinn ech?
wou kommen ech hier? wat ass den ursprong vum liewen?”

an du sot gott:
deng mamm!

an du si mer d’aen opgaange wéi ginzescheeken
wosst wou d’mënschen hierkommen an och d’schleeken
vun der mama-mënsch a vun der mama-schleek
an och souguer vun der mama-ginzescheek
an du wollt ech “merci gott” soen, mee ech hu kee gott méi fonnt
dat ass firwat ech em guer net merci soe konnt
an och mama-schleek a mama-ginzescheek hunn ech keng gesinn
an et gëtt just een, deem ech merci soen, dass ech iwwerhaapt hei sinn

an dat ass meng mamm!

1
manila, du mäin hierzegt kand
komm dach bei eis hei an d’disnéiland
lee deng angscht op äis
komm mat an d’paradäis
hei sinn d’leit zwar méih ellen, dofir vill méih räich
wéi an dengem land, disnéiland

o baby ech weess du wärs gär mat derbäi
dofir maach dech uewen an och ënne fräi
o bezuel de präis
fir hei an d’paradäis
hei sinn d’leit zwar méih traureg, dofir vill méih gäil
wéi an dengem land, disnéiland

refrain
den henri duck, deen ass hei
de chef vun der arméi a vun der polizei
am staatsministär sëtzt den dagobert
an am herrscherhaus, do herrscht d’minnie maus
hei wuessen d’mettwurschten op de beem
hei ass et vill méih schéi wéi an denge kéngsten dreem
o komm baby, komm baby a mäi land
et ass d’disnéiland

2
oh baby hei ass et wéi am schlaraffeland
an all är suerge sinn eis onbekannt
mir sinn am paradäis
vill méih schéi wéi paräis
hei sinn d’leit zwar méih glaat, dofir vill méih saat
wéi an dengem land, disnéiland

wou de kachkéis durech d’wisen zitt
wou de fric laanscht d’péitruss esou dofteg blitt
dat gëtt et just bei äis
hei am paradäis
hei sinn d’leit zwar méih midd, dofir vill méih schick
wéi an dengem land, disnéiland

refrain
o o den tick an den track, an och den trick
déi schaffen op der bank an zielen hei de fric
den daniel düsentrieb verkeeft seng deier réit
un all décke betrieb, hie mécht püblicitéit
hei wuessen d’mettwurschten op de beem
hei ass et vill méih schéin wéi an denge kéngsten dreem
o komm baby, komm baby a mäi land
et ass disnéiland

3
manila, wat méchs du dann hei?
deng pabeiere si guer net an der reih
sou wéi s du ausgesäiss
kënnt keen an d’paradäis
hei sinn d’leit zwar méih schwaach, dofir vill méih wäiss
wéi an dengem land, disnéiland

an op der plëss steet eng fra a brand
ganz disnéiland ass ausser rand a band
an d’feier breet sech aus
d’ganzt land samt herrscherhaus
steet a flamen, steet a flamen
a mir hu kee waasser

disnéiland ass ofgebrannt

1
haut sinn ech matt schreck erwächt
bei mir war en eck ewech
‘t huet einfach sou e stéck gefeelt
dunn hunn ech et rëm ugeneelt

mee lo gesinn ech zimlech futti aus
net méi grad wéi nei aus dem buttik raus
et passt näischt méi wéi d’faauscht op d’an
kanns du dann do guer näischt man?

refrain
hues du keng loscht mech ze flécken
mat mir den apel ze plécken
hues du keng loscht mech ze flécken
mech an de 7. himmel ze schécken
hues du keng loscht mech ze flécken
an mech dono e bësse léif ze drécken

2
du gesäiss och e bësse futti aus
haass de vläicht e bësse buttik, maus
du hängs sou kromm do un der bar
huet vläicht een dech kromm ugemaach

ech wäert dat schon nees riichtbéien
ech wäert d’schiebele wechgebiicht kréien
ech setzen d’setzwo bei der un
a fänke gläich mat neelen un

refrain
ech hu grad loscht dech ze flécken
mat dir den apel ze plécken
ech hu sou loscht dech ze flécken
dech an de 7. himmel ze schécken
ech hu sou loscht dech ze flécken
an dech dono e bësse béis ze drécken

1
ech si mat muskelschwund de georges christen
de girardelli am plou op ufängerpisten
de bommeleeër an och säi riichter
ech sinn den thierry awer anonym an niichter
ech sinn de frieden als grousse künstler
den andré hoffmann als member am cercle münster
ech sinn am te deum an hu kee kleed un
ech sinn de grand-duc an d’grande-duchesse déi sech gescheet hunn
ech sinn de bëttel dee glat keng sau kennt
ech sinn de mittal deen ënnert der rouder bréck pennt
ech sinn de fränk an ech hu kee brudder
d’lea linster a kache fir kackmaschinne fudder

refrain
ech sinn alles, an ech sinn näischt
d’madeléin déi laacht, de klon dee kräischt
et gëtt däi lëtzebuerg, an et gëtt mäint
looss et gutt sinn, jidderengem säint

2
ech sinn den dillenbourg mat hoer an der nues
ech sinn de guillaume a méien zu fëschbech de wuess
de vullegast dee sech mol gekämmt hätt
de juncker dee mam colombera eng gedämpt hätt
ech sinn de bartolomeo deen d’fëmmen um mars verbitt
de strummert deen an eng villa um eecherfeld zitt
ech sinn den tonnar just am cercle bech
ech si bestuet mam foxefern a mam colette flesch
ech sinn de jemp schuster dee just nach fir d’wort schreift
de marc thoma dee sech selwer lo en nol an de kapp dreift
den hollerech deen an aller ëffentlechkeet buppt
de robert biver deen net an déi eege promillskontroll knuppt

3
ech sinn de bausch an allergesch op geméis am gesiicht
ech sinn de fausti deen eent an der bambubar um buedem biischt
ech sinn de rewenig dee jo an amen seet
sinn d’astrid lulling wat op eemol kee lëtzebuergesch versteet
ech si christus an ech sinn och buddha
ech liewen zu kanech, zu kairo an zu kalkutta
ech sinn esou an dann och nees anescht
ech sinn zu shanghai, schikago a schlënnermanescht
ech sinn de glawen an och d’mathematik
ech sinn d’these an d’antithese vun all thematik
ech si rout wäiss blo giel a schwaarz wéi d’nuecht
ech sinn net lëtzebuerg, ech si lëtzebuerg

1
héiers de mech kommen, ech kommen aus de lächer geklommen
iwwer land mat den trommelen an iwwer waasser geschwommen
ech si keen domme jeeër, mee de bommeleeër
an ech komme fir ze sprengen deng brécken an deng weeër
well deng brécken eis fécken a guer näischt iwwerbrécken
an deng weeër ouni zécken eis just op den holzwee schécken
an et mécht kee spaass méi, du verbreets just haass, hey
dofir planzen ech meng bommen an däi gaart, do wiisst kee gras méi
maache plaz do, mam polverfaass elo
an et wuesse faarweg blummen amplaz vun dengem gras no

refrain
ech si keen domme jeeër, mee de bommeleeër
an ech komme fir ze sprengen deng brécken an deng weeër
ech si keen domme jeeër, mee de bommeleeër
mee meng bomme sinn sou faarweg ewéi ouschtereeër

2
du bass der sécher, dass du här a meeschter bass
du kënns der vir, messiö, sou wéi en décke prënz an engem schlass
an hannert der fassad spiers du och heiansdo dat
onwuelt gefill, ganz liicht, du häss op dat falscht päerd gesat
du sëtz um ieweschte stack, mee däi gebai ass e wrack
an et kënnt elo gläich gesackt well d’fundament ass scho kack
do hëlleft jäizen net, an och d’kräiz maachen net
wann d’richterskala ausschléit packt dat och dee räichsten net
an da kënnt et wéi sou oft, ganz anescht wéi erhofft
wann s du mierks, leider ze spéit, messiö, däi schlass war just aus loft

3
an ech si just de buet, ech liwwere just hei d’wuert
och mat sprengstoff bis dee leschten et verstanen huet
a firwat kräischs du elo, ech hunn der näischt gedoen
wéi ech der deemools d’hand wollt ginn, do hues du drop geschloen
du kanns jo net verstoen, wa leit der eppes soen
dofir gouf ech geschéckt mat bomme fir dech fort ze joen
du hannerléiss eng wull a gees zeréck op null
kriss nach eng chance behuel dech just net wéi dee leschte vull

1
du kanns mech gläich e buddha nennen, well ech sinn ewell déck zen ginn
a fréier hätt ech engem spack wéi dir am léifsten eng an d’zänn ginn
aplaz d’revolutioun ze maachen, wëll ech haut dass mir eis d’hänn ginn
dat heescht awer nach net, dass ech vum domme sabbele well e fan sinn
ech iwwerschëdde mech aus protest och net, wéi e mënch, mat bensin
benotze wieder wéi fäischt, a weisen dir wou deng véier wänn sinn
wëll net gemeng ginn, allgemeng sinn ech gerecht awer ganz streng ginn
a wann ech mat dir fäerdeg sinn, ass aus dir e ganz klenge menn ginn

2
dofir lauschter elo gutt no, well ech gi gär dëse gudde rot lass
du muss mat mir rechnen sou laang wéi s de mat mir an engem boot bass
egal ob s du e klenge vull oder en décken affekot bass
oder e philosoph deem säi gehir op eemol wéi zalot ass
och wann s du eng déck madamm, oder souguer dem grand-duc seng mod bass
en décke bänker, dee mengt, dass e kënschtler just e chaot ass
souguer wann s du am fliger, deen erof fält, deen eenzege pilot bass
oder deen een, oder deen aneren, hellege jean-claude bass
wann s de en despot bass, a wann et meng leschten dot ass soen ech et, fir dass et gesot ass

refrain
eng déck schnëss, eng déck schnëss! ass alles wat s de hues, ass alles wat s de gëss
eng déck schnëss, eng déck schnëss! du hues eng déck schnëss, awer keng déck nëss
eng déck schnëss, eng déck schnëss! mat däers de just schnëss a mol net gutt këss
eng déck schnëss, eng déck schnëss! du hues eng déck schnëss, awer keng déck nëss

3
bass de “de gauche” a méi reaktionär, wéi wann s de riets géifs stoen
e journalist, dee jäizt all aner meenung géif géint d’meenungsfräiheet goen
oder bass de e kritiker, déi jo alleguer keng kritik verdroen
an europa deputéiert, a wëlls an den hellege krich gär goen
bass de en houschtert, dee mengt e museker soll just musek maache goen
a wär kee ganze bierger, deen haart op der plaz seng meenung däerf soen
hues de dech nees net informéiert, awer déck de bak opstoen
am gaangen deng opgewiermten hallefwouerechten ënnert d’leit ze droen
wa bei dir ausser waarm loft näischt kann entstoen, a wa soss keen et mécht, da sinn ech deen, deen der et muss soen

4
ech muss mech elo berouegen, soss kréien ech nach moschwieren
ech wollt dach esou zen sinn, a mech net géint d’schicksal wieren
kämpfen ech hei géint wandmillen a rennen an oppen dieren
hätt ech vläicht besser mol viru menger eegener dir ze kieren
ok, t ass an der rei, ech huele mech elo mol selwer op de leescht
a fir all feeler deen ech hunn, gëtt sech elo selwer gebeetscht
bis ech en hellege sinn, an et gëtt sech kee feeler méi geleescht
an eréischt da kommen ech erëm, an da gëtt et eréischt richteg streech
an ech kucken an de spigel, an et gëtt mer weech. do ass een dee mer gär d’waasser reecht, an ech gesinn se ganz eescht, aus mengem eegene fleesch

refrain
eng déck schnëss, eng déck schnëss! där hunn ech eng gewëss an ech kréien se net gezësst
eng déck schnëss, eng déck schnëss! ech hunn eng déck schnëss, an e schouss voll nëss
eng déck schnëss, eng déck schnëss! et ass eng schnëss déi schnësst awer och gutt kësst
eng déck schnëss, eng déck schnëss! ech hunn eng déck schnëss, an e schouss voll nëss

1
am fong geet et mer gutt, an ech dierft jo guer net klon
ech hunn alles wat ech brauch an ech fueren en décke won
ech hunn e konto op der bank an ech brauch mech net ze ploen
well ech fir guer keen ausser mech d’verantwortung muss droen
ech weess an afrika, do si se méi schlecht drun
ech weess dass op ville plazen vill leit vill manner hunn
ech weess dat alles awer dat ännert och näischt drun
dass ech vun zäit zu zäit (zu zäit) en décke bobo hunn

refrain
‘t deet sou wéi fir ech ze sinn
‘t deet sou wéi kee land ze gesinn
ech hu soss näischt ze dinn, a kanns du net gesinn
dass et esou wéi deet en eenzege bobo ze sinn

2
denkt jiddereen dann nëmmen nach u sech
oder denkt ausser mir och heiansdo een u mech
steet jidderee mat sengem egotrip am bësch
an huet keng zäit fir mech, ausser ech, ausser ech
ech weess, krisen a kricher, iwwerall op dëser welt
ech weess, d’ozonlach wat einfach net mat wuessen ophält
ech weess de pëtrolspräis dee klëmmt an den euro dee fält
t’ass mengem bobo awer wurscht wa moies nees de wecker schellt

3
vu mir aus kann haut dem noper seng kaz futtigoen
vu mir aus kann haut mengem beschte frënn seng mamm vun eis goen
vu mir aus kann haut deen houeren drëtte krich lassgoen
vu mir aus kann haut déi ganz welt ënnergoen
dofir bleift mer vum leif mam misär vun do hannen an hei vir
ech weess, problemer ginn et méi wéi sand um mier
awer och wann et all mënsch nach méi schlecht geet wéi mir
geet et mir dach nach net besser dofir

an du koum de meeschter, an de meeschter huet esou geschwat:
“du bass net däi bobo, an däi bobo ass net du”

refrain
‘t deet jo guer net wéi fir ech ze sinn
‘t deet jo guer net wéi kee land ze gesinn
ech hunn näischt méi ze dinn, a kanns du net gesinn
dass et esou gutt deet fir guer kee bobo méi ze sinn
‘t deet net wéi fir ech ze sinn
‘t deet guer net wéi kee land ze gesinn
ech hu soss näischt ze dinn, a kanns du net gesinn
dass et esou gutt deet fir guer kee bobo méi ze sinn

1
d’welt ass um enn, ‘t hat just keen hir et gesot
an d’spezialisten, déi wësse sech kee rot
seet deen een dëst, da seet deen aneren dat
an déi meescht dervun, déi zielen egal wat
ma eent ass kloer, gläich kënnt de jéngsten dag
well si hunn eise klenge bistro zougemaach

refrain 1:
ech hunn es genuch, ech sëtze wéi op kuelen
ech hunn es sat, mam virus an de käpp
halt se fir iech, d’mesuren an och d’zuelen
komm mir ginn een huelen
bei d’vicky a bei d’kett

refrain 2:
loosst eis nach eemol danzen an der gaass
ouni angscht an ouni haass
bei engem leschte glas

huelt gär eist liewen, mee loosst ons eise spaass
mir ginn nach eemol gas
an da bäisse mir an d’gras

2
d’netz ass voll verschwörungstheorien
an d’press mécht reklamm fir d’pharmaindustrie
d’konscht ass näischt méi wäert a geet op iutiub ëm
an ech lafe just nach am jogging ronderëm
well ech däerf net op d’belsch plaasch, dat ass kee witz
leckt eis am aasch, da fléie mir op biarritz

refrain 1:
ech hunn es genuch, ech sëtze wéi op kuelen
ech hunn es sat, mam virus an de käpp
halt se fir iech, d’mesuren an och d’zuelen
komm mir ginn een huelen
bei d’vicky a bei d’kett

3
mee ech sinn e fäertaasch
dofir spär mech an
beschütz mech vru mir selwer
well ech dat nach net kann

refrain 3:
ma och wa mir ni méi danzen an der gaass
aus angscht gëtt gären haass
och ouni e lescht glas

wa mir och liewen, ganz eescht an ouni spaass
gi mir och ni méi gas
bäisse mir nawell an d’gras

1
putain wou sinn ech gelant, wéi e friemen am eegene land
wou och d’land op eemol enzwësch anescht wär, oder carrement op engem anere stär
an d’wandmillen déi dréien, an d’wandmillen déi dréien
d’leit schwätzen zwar meng sprooch, awer da läit se do wéi brooch
keen inhalt a siicht, alles just nach form, wat soss d’ausnam ass elo d’norm
an d’wandmillen déi dréien, an d’wandmillen déi dréien
hätten se wéinstens all gesoff wéi en triichter, ma se sinn all total niichter
an d’millen dréien am wand, an ech sinn am falsche film gelant
an dann och nach ouni ënnertitelen. ass dat net alles eng fata morgana

2
all vun alle gudde geeschter verlooss, an alles hei eng déck seefeblos
a wa se platzt hues de näischt a bass de keen, a bannen a bausse si just nach een
an d’wandmillen déi dréien, an d’wandmillen déi dréien
sinn ech dann hei dee leschten idiott, oder éischter eppes wéi den don kischott
oder de bruce willis dee kënnt fir d’welt ze retten
mee dofir muss ee sech fir d’éischt emol selwer retten
an d’wandmillen déi dréien, an d’wandmillen déi dréien
vläicht muss ech och alles wéi e spill gesinn, wou déi meescht net wëssen dass se spiller sinn
philosophesch gesinn, eng optesch täuschung, ouni grouss erwaardung och keng grouss enttäuschung
an ech sëtzen och um kaméil, an net um päerd, ganz wüst an der wüst, eleng op der äerd

3
stitt op, dir kischotten, wéi deemools d’sansculotten
mir plotten boykotten, bankrotten a komplotten
verschrotten kamelotten a flotten klamotten
och wann d’idiotten eis verspotten wéi d’verrotten hottentotten

1
haut bléist e kale wand
déif a menger broscht
an a menger hand
do drëschent futtis loscht

refrain
huel mech an den aarm
meng sprooch déi ass ze aarm
fir ze soe wat ech fillen
an ze fille wat ech soen
muss mech ploen a si kloen
iwwert mäi kitschegt lidd
iwwert mäi schmuddelegt lidd
iwwert dee schmalz
ah, looss se schwätzen
si schwätzen dach vun angscht
si schwätzen dach vun dommheet
aus enger sater panz
an engem klenge land
mat lauter klenge leit
a klengen haiser
wou et d’ganzt joer drop reent
an ni eppes dra wiisst

2
mäi land dat ass ze kleng
ze kleng fir grouss gefiller
a meng sprooch ass net sou reng
a moolt keng faarweg biller

1
ech leien do wéi en hond
meng wonnen ze lecken
an ech fanne kee grond
fir net gläich ze vrecken
an d’sich no der schold
ass onnëtz, ech weess
hätt ech et och anescht gewollt
si hält op bei mir nees
et gëtt eng zäit fir an de krich ze zéien
an eng fir ze kapituléieren
eng zäit fir héich eraus ze fléien
an eng fir landen ze léieren

2
an ech gleewen net un dee gott
deen dat kéint an d’rei maachen
an ass alles kapott
muss ech selwer nees nei maachen
awer ech gleewen un dech
a wann s du mer verzeis
gleewen ech och nees u mech
an ech gleewen un eis
et gëtt eng zäit fir an de krich ze zéien
an eng fir ze kapituléieren
eng zäit fir um bueden ze knéien
an eng fir opstoen ze léieren
kanns du mech erhéieren?

3
erhéier mech
wann ech schwaach sinn a krank sinn
erhéier mech
wa meng geeschter sech d’hand ginn
erhéier mech
wann ech vum soff scho bal blann sinn
erhéier mech
wann ech un der dir vum wahn stinn
erhéier mech
wa kee méi mech kann erhéieren
erhéier mech
wann ech schonn dem däiwel gehéieren
erhéier mech
wann d’engele mech scho kommen héieren
erhéier mech
sou wéi och ech dech erhéieren

deel 1

gëff mer nach eng chance

ech weess ech hunn der wéigedoen

gëff mer nach eng chance

ech weess et gëtt näischt méi ze soen

 

gëff mer nach eng chance

ech weess et ass eleng meng schold

gëff mer nach eng chance

ech weess du has genuch gedold

 

gëff mer nach eng chance

och wann ech keng méi hu verdéngt

gëff mer nach eng chance

och wa mäi gold laang net méi blénkt

 

gëff mer nach eng chance

och wann et net fir d’lescht wäert sinn

gëff mer nach eng chance

och wa meng wierder näischt méi wäert sinn

 

deel 2

ech ginn der nëmme stéiss

ech zéien dech duerch den dreck

ech rennen dech mat féiss

an ech maachen dech bal vreckt

 

vergëften der däi liewen

verpeschten d’loft do wou s du bass

ech bréngen dech un d’biewen

an ech loossen d’feierstëppler op dech lass

 

ech bréngen dech un d’kachen

an dréinen der de krunn dann zou

ech briechen der all d’knachen

mat menger gäiler ego-show

 

an du hues ni eppes gesot

op alle fall krut ech näischt mat

nee du hues ni eppes gesot

da fänk och elo net un dermat

 

fänk och elo net un dermat

fänk och elo net un dermat

du hues ni eppes gesot

da fänk och elo net un dermat

 

oh, deen aarme klenge mënsch

 

deel 3

so fissi, du hues näischt gecheckt

sot dunn d’mamma äerd zum mënsch

fir d’éischt schléis de alles vreckt

a mengs du häss dann nach recht op wënsch

 

du hues vergiess vu wou s de kënns

an du weess net wouhin s de gees

zerstéiers alles wat s de fënns

souguer de grond wou s du drop stees

 

an ech si just mat dir geplot

du bréngs näischt mat an dëse stot

an ech hunn ni eppes gesot

well du hues och ni no mir gefrot

 

da fänk och elo net un dermat

fänk och elo net un dermat

du hues ni no mir gefrot

da fänk och elo net un dermat

 

deel 4

o mamma äerd

ech sinn en deel vun dir

gëff mer nach eng chance

 

ech sinn aus dengem schouss

an ech si vun dir e stéck

vun do wou ech kommen

dohi ginn ech och rëm zréck

1

mäi misär mellt sech moies an den noriichten

well s’an den noriichten, näischt noriichten

nëmme krëmmen a béien, dem doud seng zuelen undréien

accidenter déi geschéien, leit déi vun der aarbecht fléien

 

ech drénke mäi kaffi well mam paulette a mam xavier

a klappen da wéi geckeg mäi misär an de clavier

muss mer d’liewe verdierwen, an äre schierbele liewen

all dag fäerten ze stierwen an all dag bieden z’iwwerliewen

virun all diere kieren, mech géint all vire wieren

amplaz vun äerdbiere ginn et just äerdbiewen

 

refrain

an awer ass den himmel nach ëmmer blo

an d’uelzecht fléisst duerch d’wisen, guer keng fro

an d’sonn déi schéngt op eis erof

wéi wann näischt wär, wéi wann näischt wor

an d’liewen, stellt sech guer keng fro

 

2

ech verdroe keen drock méi, an ech verdroe kee sträit méi

an all klenge bobo deet fir méi eng laang zäit wéi

all kleng laascht déi ech droen hënnert mech well beim goen

heiansdo muss ech mech froen, huet et e wäert opzestoen

 

a wann et iwwerall brennt an een der zäit just norennt

gëtt och d’liewen am moment méi schwéier wéi een dat soss kennt

an dofir muss ech eraus, hänke schonn ze laang am haus

soss bleift d’gefill net aus mäi liewe wär schonn aus

 

3

a wann déi ganz welt op der kopp steet

och wann däi léifste vun dir geet

wann s de kee méi kanns léifdrécken

wann s de mengs du géifs erstécken

jo souguer wann s du muss selwer goen

muss d’liewen awer weidergoen, weidergoen

d’liewe muss nach weidergoen

 

refrain

an dofir ass den himmel nach ëmmer blo

an d’uelzecht fléisst duerch d’wisen, guer keng fro

an d’sonn déi schéngt op eis erof

wéi wann näischt wär, wéi wann näischt wor

an d’liewe stellt sech guer keng fro

 

an alles wat kënnt, dat muss och goen

alles wat geet, wäert operstoen

erhief dech, stell der guer keng fro

 

a komm mir trëppelen hand an hand

an den horizont, och géint all wand

a liewen, stellen eis guer keng fro

1
a moies wann de wecker schellt
mécht de mënsch haut grad wéi gëscht
well e sech keng froe stellt
an et sech net gär komplizéiert mécht

refrain
an d’kanner loossen hire kaffi stoen
fir deene schéinen hämmel nozegoen
an aus de kanner si laang hämmel ginn
déi blannemännerches an d’schluechthaus ginn

2
dëst ass eng nei zaldotewelt
wou “marsch” “stéi op a schaff” bedeit
a well d’fra well och hire mann gär stellt
hänkt et un de kanner an den ale leit

marsch
an 1,2,3 marsch an an d’rei gestallt
an de geescht an den déngscht vun der maschinn gestallt
an an der blechlawin schéi brav seng plaz ageholl
a vergiess wéi ee sech freet wat dat iwwerhaapt soll

an déi nei uniform läit beim schneider bereet
awer et ass ee kee chef, och net wa boss dra steet
an de metzler deen dech schluecht kënnt am schlips an am frack
an d’krawatt em däin hals ass dem henker säi strack

an de krich ass am gaang, ‘t ass just kengem opgefall
well et héiert ee keng schëss an ‘t komme keng bomme gefall
an d’zaldote wëssen net dass se zaldote sinn
well hier affer kréie se selwer jo ni ze gesinn

an d’resistenz gëtt einfach diskreditéiert
oder hir noriicht ass einfach vill ze vill komplizéiert
an um schluechtfeld do richt et just no chanel a lacoste
mee wéi ziele mer de kanner, dass keen eppes wosst?

1
no 30 jor stinn ech hei um graf
a fänken u méi al wéi’s du ze ginn
an hätt ech och dem houdini säi staf
kéint ech dech nawell net erëmgesinn
an ech wéilt dat am fong och net hunn
well däin doud gehéiert zu mir
wat ech haut sinn dat foung deemools un
ech sinn ech ouni dech net mat dir

refrain
dee mënsch deen ech wor, hunn ech vrun 30 jor
wéi s du bass gestuerwen och mat dir begruewen
an et bréngt och guer näischt, wann ee jéimert a kräischt
egal wat mir och vir hunn, d’liewe geet einfach virun
‘t ass keng sprangprëssessioun, ‘t gëtt och keng zweet sessioun
a wären a waren an hätten an haten si véier aarmer staaten

2
heiansdo begéinen ech der am dram
da vernennen ech dech mol zolitt
well wou waars du nëmme sou laang
wann s du lo liefs da bass du een dee litt
dann ass et besser ech sinn nees waakreg
och wann s du dann net méi do bass
well ech an deng famill si lo anescht
an et ass ëmmer sou wéi et ass

1
et gëtt kee verb fir ze soen
wat ech dir elo wëll soen
wëlls de awer mat mir goen
oder léiss de mech lo stoen

ass mäi gefill da lo ze kleng
oder meng sprooch ze vill beschränkt
bleiwe mer alleguer alleng
versteet kee wat deen anere mengt

refrain
h, h, h, dmg, g, g
ass dat ok, mat eis 2

2
wann et och kee verb gëtt
heescht dat jo awer net
dass et d’gefill net gëtt
wat domatt gemengt gëtt

vläicht kann et jo och sinn
dass et keng handlung muss sinn
mee en zoustand an deem mir sinn
wa mir frou matenee sinn

dat heite lidd, baby, ass just fir deng oueren
an ech hunn haut keng loscht ze meckeren an ze soueren
ech trenne just gären d’iwwerfläch vun der déift
et brauch e richtege rebell fir ze sange vun der léift

refrain
h, h, h, dmg, g, g
d’ass d’abc fir eis 2

1
ween ass nach do, wa guer näischt méi geet?
hey, meng boma!
wee beekt e kuch, wann d’welt op der kopp steet?
hey, meng boma!
ween huet nach zäit, wann d’zäit eis fortleeft?
hey, meng boma!
a wee biet fir mech, wa kee méi u mech gleeft?
hey, meng boma!

refrain
si ass keen artist a kee feminist
ma du fënns keng méi staark fra, wann s de eng fanne misst
meng boma

2
ech brauch kee psy dee meng séil duerchkämmt
brauch kee buddha a kee superjhemp
brauch moies kee kaffi deen aus der taass dämpt
si huet eppes géint de blues an och géint mokrämp

3
et geet schonn duer dass si nieft der steet
do wou si ass, do gëtt e gutt gefill verbreet
si ass alles wat des welt net méi versteet
a si bleift bei mir, och wa si vun eis geet

1

iwwerall wou ech higinn

do geet de blues mat mir

a wann s du mat mir gees

geet de blues och mat dir

 

2

jo well de blues deen ass am blutt

an de blues ass och am schweess

dofir ass deen houere blues

iwwerall wou s de gees

 

3

an de blues deen heescht verlaangeren

an en heescht verluerent paradäis

dofir ass de blues an der sahara

an en ass am éiwegen äis

 

4

ouni blues gëtt et kee liewen

en ass d’feier fir deng käerz

well de blues deen ass am otem

an e klappt an dengem häerz

1

fréier d’fauscht gehuewe géint déi dichteg

haut si mer stëll, mir sinn elo selwer wichteg

wou soss de mëttelfanger fir d’gendaarmen

kënnt haut vun eis just nach e jo an amen

 

no e puer pätt gi mer eis gären humanistesch

wann et drop ukënnt si mer léiwer realistesch

vläicht ass et eis ze laang ze vill gutt gaangen

fir dat net opzegi soe mir just jo an amen

 

an déi mir soss erkläert hätten zu fräiheetshelden

gi mir haut schéi brav bei d’flicke melden

zivilcourage heescht well mam stroum ze schwammen

an deenen décken hannen eranzeklammen

 

refrain

op dëser welt ass nach ni eppes entstanen

do wou se nëmme soe jo an amen

déi éischt revoluzzer waren net zu paräis

et woren adam an eva am paradäis

 

2

fir eng revolt kënnt dir net méi op eis zielen

ma d’ass net schlëmm, dofir kënnt dir eis elo wielen

an der chamber sëtze mir am waarmen

d’majoritéit kritt vun eis e jo an amen

 

an un der neier politescher korrektheet

d’revolutioun, ier so do ass, scho gläich vrecktgeet

mat gaangen, mat gefaangen, mat gehaangen

seet och déi nei generatioun just jo an amen

 

ma gott sei dank ginn et nach all d’dichter an d’denker

déi kulturell, déi keng angscht hu virum henker

kritesch rieden hale si op den tribünen

vum staat bezuelt, als schauspill op de bünen

 

3

den idealismus war bei mir och net vun dauer

dofir pardon, a mengem salon un der mauer

amplaz vum che, well d’liewe geet jo weider

hänkt elo e portrait vun der grand-duchesse vum schneider

 

an ech stinn hei wéi e priedeger ze beléieren

versichen all déi schwaarz schof ze bekéieren

ass mäi protestsong just gutt fir z’ënnerhalen

hätt ech vläicht besser och de bak ze halen

 

an déi blo verbidde liberaalt behuelen

andeems déi rout am rolls royce ronderëmfueren

an d’waffe fir an de krich ze goen

kafen déi gréng, déi och just jo an amen soen

 

a wann d’kritik just nach kënnt vu populisten

drécke mer d’leit an d’oppen äerm vun extremisten

wa kee méi weess autoritéit ze widderstoen

wäert de mënsch um jo an amen ënnergoen

wa bannendran d’sonn ënnergeet
wa souguer d’séil just däischtert ass
wa mol kee mound um himmel steet
keen neien dag um kommen ass

‘t ass net fir ze fäerten
‘t ass net fir sech ze schummen
dat hei seet der all gäertner
kee bulli keng blummen

a wann däi leschte frënd och geet
wa souguer du dat selwer bass
dee geet a mol net äddi seet
wa guer näischt gutts méi an der ass

‘t ass net fir ze fäerten
‘t ass net fir sech ze schummen
dat hei seet der all gäertner
kee bulli keng blummen

1
blieder fale vun den dreem
a mir bleiwen nach meng beem
den apel fällt net wäit vum stamm

eng rei narbe si verheelt
läinzeechen déi ee sech deelt
ass nach plaz do fir nei wonnen?

refrain
‘t ass kiermes a mengem duerf
d’karussel dréint nach en tour
‘t ass kiermes a mengem duerf
well de spillmann ass nach do
jo de spillmann ass nach do

2
ech sëtzen a mengem won
an ech kann iech mol net son
wivill tir eriwwer sinn

am ufank war nieft mer fräi
du koum e meedchen derbäi
‘t war keen iwwelt an ech soot net nee

heinsdo spaass an heinsdo strof
mol biergop a mol biergof
wéi soll een do net dronkel ginn

3
déi eng hale sech fest un
déi aner fueren aus der bunn
hei ass plaz fir jiddereen

heinsdo bleiwt d’spill mol kuerz ston
dann ass een dee mus lo gon
an da gëtt e weenche fräi

an da kënnt deen nächste schon
gëtt dem spillmann säi stong
wat näischt kascht dat ass och näischt

4
an ech bleiwe sou laang drop
bis mäin allerleschte stop
an ‘t freet een: entschëllegt, ass hei nach fräi?

meng kanner bleiwen nach do
ech kucke vu baussen no
a ginn dem spillmann een déckt drenkgeld

1
ech sëtzen hannen an der klass
well et hei hanne besser ass
an ‘t ass krass, wéi d’ganz klass,
hei vun hannen anescht ass
hei hues de d’iwwersiicht
iwwert dat ganzt geriicht
a ganz liicht eng gestiicht
baussent dem riichter senger siicht
déi aner kanner hu gelaacht
wann ech meng dommheete gemaacht
a wann de witz eppes gedaacht
hunn d’proffen an de bart gelaacht
awer gëtt aus dem witz kritik,
eng kleng pique an all replik
da kritt de schüler den hick,
an de prof tickt ewéi e flic
de klasseklon ass net méi classe
an déi ganz klass versteet kee spaass
du spiers den haass, gëss gär gas
mee steess am reen a gëss ganz naass
dat ass de präis deen’s de bezills
wann’s de net no de regele spills
wann’s de net bäiss awer bills
a wann’s de dech gär selwer zills

refrain
ech sinn de klasseklon
ech lafe vrun de won
soss bleiwt dee won ni ston
wéi bei all klasseklon
ass net alles wat ech son
als witz ze verston

2
ech streeë salz op d’wonnen
an ech kucken no puer stonnen
ob meng zooss huet gebonnen,
sou kommen ech iwwert d’ronnen
ech setzen d’punkten op den i,
soss kritt dee seng punkten ni
c’est fini, mon ami,
dem chef säi fifi ginn ech ni
ech geheien uëleg an d’feier,
‘t ass mer net ëmmer ganz geheier
heinsdo gëtt dat mech eng deier
ma ech sinn nach kee fudder fir de geier
de klon bekennt ëmmer faarw,
ass op kengem ouer daf
en hëllt net alles mat a kaf
a léisst dem liewen net säi laf
well de klon ass och rebell,
bréngt och noriichten aus der hell
an dann denken d’leit ganz schnell,
dee wär dach besser an der zell
an dofir zitt e sech zeréck,
de mëttelfanger gezéckt
net laang gezéckt an net gebéckt,
säin eegent stéck vum gléck am bléck

3
ech son de klon ze verston
ass schwéier dofir muss e gon
en huet vill ze son, stellt vill domm fron
bis d’leit en net méi verdron
e liewt säi liewen zréckgezunn,
kuckt sech d’saach vu baussen un
e fiert a sénger eegener bunn,
e kënnt och heinsdo déif geflunn
a wat wär wa kee klon do wär,
dann héisch et rëm den här ass här
a max ass max ganz regulär,
sou hunn déi hären dat och gär
wee rëselt dann un der hierarchie,
vun eiser oligarchie
wou bléif de fonken anarchie
an der banannemonarchie
well ass kee klon méi am land,
da fehlt dem land de verstand
ass alles am rand an am band,
da kennt kee méi den numm vum kand
an um klon sengem graf
pinscht kee patron a kee paf
am horizontale schaf
schléift de klon elo ganz brav
seng famill steet do ze ston,
de klon braauch sech net ze beklon
säi bouf huet d’rout nues ugedon,
hei kënnt dem klon säi klon
hudd der gehéiert wat ech son
hudd der iech och waarm ugedon
hei kënnt een dee wärt iech eppes ganz anescht son
hei kënnt dem klon säi klon
ech sinn dem klon säi klon
ech lafe vrun de won
soss bleiwt dee won ni ston

wéi den held an engem film vum sergio leone
deen an de sonnenënnergang reit
op eng musek vum ennio morricone
du bas alleng, mann
du bas alleng, mann
souguër wannste zu 2 bas, du bas alleng mann

mat denge geeschter
mat dengen engelen
du bas alleng mann
souguër wannste zu 2 bas, du bas alleng mann

t’as awer nach kee grond fir stonzebleiwen
och net fir dech fallenzeloossen
bleiw net ze laang hei ston
well du muss nach weidergon
well du muss nach weidergon
weidergon
weidergon
weidergon
weidergon
weidergon

um lampertsbierg, um lampertsbierg sinn och fei leit
si wunnen hannert feine mauren
tëscht de banken a wäit vun de bauren
déi beschte schoule gin et hei
an och e büro vun der polizei
heielei, heielei
vun der polizei

ch’si net ze midd fir e klengt lidd
iwwert de site vun der elite
ech wunnen zwar zu miersch
awer ech si vum lampertsbierg

déi gescheitst aus dem ganze land
kommen op de lampertsbierg gerannt
ob technique oder classique
hei as déi chicste clique an och de fric

awer uëwen um roudebierg, direkt niëft dem kur üniwersitääärr
do as ewell e ghetto, deen as jo guër net elitääärr

eng kossovomoss am don bosco
sëtzt op der trap an et motzt do
souguer dofir as keng plaz bei him doheem

eng kossovomoss am don bosco
sëtzt op der trap an et motzt do
souguer dofir as keng plaz bei him am heem

6 quadratmeter pro famill an d’toiletten um gank
tjo, mir hu keng plaz zevill, entschëllegt de gestank
e klengt kand schléift, an en anert kräischt
a beim palamar, do gëtt et ee fir näischt

um fernseh leeft e video vun enger feier
virun 2 jor op der kockelscheier
wou si nach gedanzt, an och gegéckst hun
an ech froë mech wou d’leit hei ginn wa se loscht op sex hun

eng kossovomoss am don bosco
sëtzt op de knéien an et botzt do
dat as d’botzfra vun all de botzfran

eng kossovomoss am don bosco
sëtzt op der trap an et motzt do
souguer dofir as keng plaz bei him doheem

1 d’stad heescht stad an net laksembörg-sitti dat weess hei am land dach all kätti an all pitti zu diddeleng d’ignitti an zu ettelbréck all litti all strummert op der gare an am pescatore all ditti d’haptstad vum land heescht ganz einfach stad well de lëtzebuerger jo soss keng stad méih hat mee d’stad gëtt sech glat, dat wat gëllt ass d’fassad mam reklammenapparat e facelifting gemaacht ech sinn e stader jong ma vun där stad kréihen ech de sout ‘t ass keng stad fir dran ze liewen an no 6 ass se dout an denkt emol drun, tëscht de bijouen an der moud virun 100 jor gouf um glacis nach geplout vum bauer zum banker an dat ouni tëschestopp an de piff hängt hinnen nach un de suelen drop an déi stader politiker gi sech gär ganz top mee hier zopp ass e flopp, laksembörg-sitti, hal dach op! refrain
laksembörg-sitti, wärri pritti wärri dout, dout, wärri dout, dout laksembörg-sitti, uatt e pitti wärri dout, dout, wärri dout 2 ech sin en zolwerbouf a wëll déi stader net verletzen si hu schliesslech keng arbed mat där si sech kënne bretzen ech wëll näischt dovu wërssen an um uasch sëtzebleiwen ech loosse mer léiwer eppes vun den inder virschreiwen well d’haaptstaat vum süden jo dat ass de minett déi mat der rauer binett, gleew mer, fro mol d’ginette mee an der stad leeft eng, op mannst bis 6 auer dat eenzegt wat’s de bei eis gesäiss ass den trakter an de bauer ech sin en zolwerbouf an ech gin hei nët mei fort, mir hun zwar vläicht kee smog, mee dofir fäine piffgeroch an e minetter braauch kee schickimicki a keng moud well irgendwéi gëtt bei eis haut nach geplout mär si sou wéi mär sins, vun der long op d’zong eis fangerneel si knaschteg a mir hu bulli un de schong jo déi stader kënnen eis mentalitéit roueg haassen well mir eis wéi déi mierscher net mam falsche glanz befassen 3 léiwt kätti, léiwe pitti, ech wunnen zwar zu miersch mee meng eltere si minetter, an ech si vum lampertsbierg ech weess vu wat ech schwätzen, an als stader son ech iech déi stad ass saat ze glaat vum gronn op de kierchbierg
lauter iwwel fierz déi d’loft mat hire kuare verpeschten
d’haaptsaach d’paltongszéier, déi kommen op hier käschten
wou si mer geland, mir liewen an enger plastikswelt
wou jideree sech sou gëtt datt en deem anere gefällt
léif stader haryen, mir wëssen net wat dir gär hätt do eng stad ass dach keng vip-lounge a keen entertainment-ghetto
aplaz all bopebistro an all bomebuttek ze verjon
loost se gon, loost se ston, loost mol neess eppes entston
d’stad gehéiert net de flicen an och net de paschtouren
a scho guer net dene bloen déi eis de kapp voll souren
maacht d’an op, a spëtzt emol är ouren
well eng stad gehéiert och de fixer an den houren

léiwer hergottsblieschen
gitt ons speck an ierbessen
ee pond, zwee pond
dat anert joer da gitt der gesond
da gitt der gesond

loosst déi jonk leit liewen
an déi al leit stierwen
kommt der net bal
d’féiss ginn ons kal
kommt der net gläich
da gi mer op d’schläich
kommt der net geschwënn
d’féiss ginn ons dënn
kommt der net gewëss
da kritt der eng gutt op d’schnëss

e schouss voll nëss

loosst déi jonk leit liewen

1
e grousse grupp vu grillmeeschter sonndes am gaart
e grappvoll granzeg geesse beim shoppen an der stad
e pak vu panzvollisten hannert dem steierrad
eng hickëscht hysteresch dickelcher zu munrëf-bad

refrain
och wa mer guer net wësse wat mer sinn
keng ahnung hunn wouhinner mer ginn
och wa mer ni zefridde sinn
wëlle mer awer bleiwe wat mer sin
a wa mer nuets um kontuar stinn
wa mer eist eegent wuert net méi verstinn
wa mer vum soff alles duebel gesinn
da wëlle mer bleiwe wat mer sinn

2
e vollek voller vullen déi gär stëppelen
eng compagnie vu kulturelle krëppelen
eng partie pilgerer déi op der plaz trëppelen
e battalioun vu banquieren mat knëppelen

3
anonym houschterten um internet
e land ouni identitéit wat gär eng hätt
déck schnësserten ouni ziwwilkuraasch
mir hunn zwar keng couillen dofir en décken aasch

1
de feierwon, deen ass bereet
e päift duerch d’loft a fort e geet
am dauschen iwwert d’strooss vun eisen
a voll mat leit, déi se doheem ofweisen
an nach hu mir de wee net fonnt
zum éiweg grousse vëlkerbond

a mir hu keng schwéier laascht ze droen
fir eise staatswon dunn ze goen
keng steiere kommen eis erdrécken
keen zwang de fräie geescht erstécken
mir maache spuersam eise stot
kee bierger a kee bauer klot

refrain
musst dir iech heemlech iwwert d’grenze schleisen
eist kléngt land kann elo gréisst beweisen
well mir iech net ofweise mee mir wëllen iech ons heemecht weisen

2
mir hale fest un eiser scholl,
vu léift fir d’land sinn d’hierzer voll
a wa mir scho milliounen zielen,
déi d’flucht aus hirem land musse wielen
dann hu mir nach de wee net fonnt
zum éiweg grousse vëlkerbond

rap
frot dir no riets, an no lénks, an no alle säiten hin
et ginn der ëmmer nach e puer, déi sou onzefridde sinn
si hunn angscht em hir kultur, déi misst elo villes opginn
dass se souguer vu friemen aflëss opgefriess kéint ginn

ma vill vertrauen an är kultur beweist dat do jo awer net
wann déi kultur esou liicht wéi salz am waasser opgeléist gëtt
an déi kultur kënnt der gär halen, sou eng wëlle mir hei net
well dann hutt der keng kultur, déi kultur do gëtt et guer net

et kann op der ganzer welt just eng eenzeg kultur dach ginn
déi keen ufank huet an déi och wäert fir ëmmer do sinn
och wann et ëmmer nach leit ginn, déi dat leider net verstinn
dass et ouni si eis alleguer mol guer net géif ginn

si, déi d’mënschheet iwwerhaapt eréischt méiglech mécht
si, déi gëllt fir all muslim, atheist, judd an och chrëscht
si, ouni déi mer näischt wäre wéi e koup voll mëscht
si, no där all mënsch deen dësen numm verdéngt och glëscht

si hëlleft gemälleg wéi homeopathie
si verbënnt eis matenee wéi telepathie
si heescht hëllefen, matginn an och empathie,
deelen, solidaritéit oder sympathie

a wa mer déi kultur opginn am numm vun enger natioun
am numm vun eisem räichtum oder am numm vun der relioun
da gi mer hannerzeg, t ass fäerdeg mat der evolutioun
dann ënnerschreiwe mer d’faillite vun eiser zivilisatioun

dofir, léif muselfraen a muselmänner
léif gesëschter aus alle géigenden a länner
mam méchel lentz do loosst eis soen
des nei strophë vum feierwon

3
wann d’vollek hei an an all land
huet géint all mënsch d’häerz op der hand
wann d’fräiheet em deet d’ae blénken
an d’léift, déi deet seng wierder klénken
dann hu mir all de wee och fonnt
zum éiweg grousse vëlkerbond

1
lauschter de vullen no, an otem an an aus
spier de wand an dengen hoer, a kuck an d’land eraus
all wuert wat s de wolls soen
all wee deen s de wolls goen
haut ass net ze fréi, a gëschter kënnt ni méi
et gëtt just nach elo
well muer ass ofgesot

2
kontroll ass e phantom, de kompass illusioun
d’zäit bleift fir ëmmer stoen, kee plang a keng visioun
all dram deen s de nach hues
all mënsch deen s de gären hues
haut ass net ze fréi, a gëschter kënnt ni méi
et gëtt just nach elo, well muer ass ofgesot

3
gleef net alles wat se soen
wa si lafen, bleif mol stoen
mir sinn aus stären an aus léift gemaach

a wann d’welt sollt ënnergoen
kuck mam geck um hiwwel no
ech mengen haut as mokusdag
well muer ass ofgesot

1
o mäi gott, wat maache se mat dir
o mäi gott, e clown mat laangem baart
o mäi gott, du kanns jo net dofir
o mäi gott, an elo gëss du gefaart
wéi wann s du häss näischt besseres ze dinn
wéi eis ze soen, wéi mir solle sinn
déi däin numm am haartste jäizen
sinn déi, déi schonn am wäitste vun dir fort sinn

2
o mäi gott, wat maache se mat dir
o mäi gott, si hunn dech mol net fonnt
o mäi gott, ma si gräifen zum gewier
o mäi gott, mat dengem numm am mond
wéi wann s du häss näischt besseres ze dinn
wéi ze wënschen, dass mir openee lassginn
déi däin numm am haartste jäizen
sinn déi, déi schonn am wäitste vun dir fort sinn

3
kee kuckt méi a sech eran, do ass genuch gott souguer dann
wann een et net sou nennt
sich net dobaussen dann, fënns de vläicht déi flam bannendran
déi éiweg brennt
a wat hunn d’kierche scho bruecht, ausser fir vill misär gesuergt
an eis getrennt
glawe mëssbraucht fir muecht, verbreet eng däischter nuecht
an där keen näischt erkennt

4
o mäi gott, wat maache se mat dir
o mäi gott, kommen dech ëmzedeefen
o mäi gott, bréngen dech ëm souguer dofir
o mäi gott, ween denkt kann elo net méi gleewen
wéi wann s du häss näischt besseres ze dinn
wéi anzwësch anescht wéi an eis ze sinn
déi däin numm am haartste jäizen
sinn déi, déi schonn am wäitste vun dir fort sinn

5
eréischt wa mer kucken an eis eran, gesi mer d’kleng flam bannendran
déi och nach liewen heescht
wéi am kenki brennt se dann, fir dass se weiderbrenne kann
kritt deen nächsten se gereecht
a wa mer dat elo net méi spieren, huele mer den dout an och d’liewen
vill ze eescht
de papp dee mer gäre wieren, och net de jong si mer ech schwieren
just en hellege geescht

6
gott, gott, o mäi gott
ech mengen ech hunn dech fonnt
ech spiere mech an dir
ech kommen, ech kommen, ech komme bei dech
op eemol ginn dausend luuchten hannert mengen an un
d’gehir setzt aus, gott sei dank
fir eng sekonn weess ech alles an näischt an engems
do bass de gott, do bass de gott, ech hunn dech fonnt!

1
ech hätt gär
mäi béier ouni alkohol a mäi bensin ouni bläi
mäi bifdeck ouni fleesch a mäi knätsch ganz zockerfräi
ech hätt gär
meng kola a mäi kaffi ganz ouni kaffein
elektronesch zigaretten, ganz ouni nikotin
ech ka souwisou ni ouni droge schlofe goen
ech ka souwisou ni ouni auto schaffe goen
ech wëll awer e liewen ouni mäi liewen ze won

2
ech hätt gär
meng fraen ouni naupen a meng stroossen ouni beem
mäi gaart ouni wuess a meng frënn ouni problem
ech hätt gär
meng kanner ouni meckeren, mäi soff ouni décke kapp
meng elteren ouni krankheet, mäi ganzt liewen ouni wapp
ech kéint souwisou ni ouni frënn duerch d’liewe goen
ech kéint souwisou ni ouni meng famill bestoen
ech wëll awer e liewen ouni mäi liewen ze won

refrain
d’liewen ass wonnerschéin, ouni all déi killer
keng péng a keng kromm téin, keng gëfteg gefiller
e liewen ouni schued, wär dat dann net perfekt
d’liewen als medezin just ganz ouni nieweneffekt

intermezzo
op eemol hat ech eng obsessioun
ouni, ouni, ‘t geet och ouni
eng alles-ouni-fixatioun
ouni, ouni, ‘t geet och ouni
ech wollt net méi dat wat ech bräicht
ouni, ouni, ‘t geet och ouni
eng richteg sucht, just op guer näischt

3
lo hunn ech
d’naupen a keng fra méi, keng frënn just de problem
ech sinn d’gemeckers lass well d’kanner si scho laang net méi doheem
ech sinn ouni
eltere well se dout sinn an ech spiere mech alleng
e liewe sou ganz ouni sou hat ech dat net gemengt
lo brauch ech
de kaffi an och d’kola nees voll mat kaffein
ech brauch den zocker fir ze tréischten a meng dosis nikotin
ech huelen
de béier nees mat alkohol an de bensin voller bläi
‘t ass mer alles schäissegal an ‘t geet mer besser derbäi
ech wollt souwisou ni ouni droge schlofe goen
ech wollt souwisou ni ouni frënn duerch d’liewe goen
et gëtt kee liewen ouni säi liewen ze won

et wor emol e prënz, dee wollt eng prinzessin bestueden,
eng richteg prinzessin, an déi e sech verléift hat.
awer de prënz war der prinzessin vill ze kleng,
och wa si guer net méi grouss war,
wann do net déi tallekeschong gewiescht wären.
aarme klenge prënz…

1
dee kale bléck
den tailleur vu paräis
dee plakege réck
an de cocktail mat äis
tallekeschong
an och d’marloboro light
an heiansdo déi zong
déi mech ëmgeheit
been ouni ennen
déi mech emhan
nennen déi brennen
a mengen an
an alles picobello
eng eenzeg symphonie
e kierper wéi en cello
sou een hat ech o na nie

refrain
du bass sou perfekt
vu vir an och vun hannen
leider feelt en eck
an du bass guer net schéi vu bannen
du bass wéi d’kiischt um kuch
méi schaarf wéi all gewierz
awer dir ass kee gutt genuch
du bass d’prinzessin op der ierz

2
fréier sinn ech op sou prinzessinne geflippt
den horror fir all schécks an den doud fir all typ
umaachen war tabu, dat wär dach just eng blamage
well eng prinzessin wéi’s du bekuckt mech mol net mam aasch
du bass wéi aus dem billerbuch, du wierks sophistiquéiert
an als jonke spunt ass een do just nach faszinéiert
den testosteron schwätzt mam hochzäitsgeschier
oder wéi seet de moofe lex, wann de vull steet, steet d’gehir
ma huet ee sech an dech verknallt, konnt ee sech ewechgeheien
well du goungs jo net an denger altersklass freien
an du war’s nëmmen un tippe mat führerschäin verginn
an aus dem fiichten dram ass e secke koschmar ginn
wéinst sou prinzessinnen hunn ech mer soss den hals verrenkt
haut sinn ech driwwer wech an ech wéilt mol keng geschenkt
prinzessinne wéi’s du, déi sinn net fir mech gemaach
an déngen haut och mol net méi wéi soss als wixvirlag

an de klenge prënz ass grouss ginn,
an en huet eng ganz léif prinzessin kennegeléiert,
där et egal war, wéi grouss de klenge prënz,
oder wéi kleng de grousse prënz war.
an enges schéinen daags huet en déi al prinzessin erëmgesinn.
déi krut an hirem liewen alles wat se wollt,
a wat se méi krut, wat se manner wollt a méi ze verléieren hat.
elo sëtzt se op hire saachen a passt op, dass keen eppes klaut.
awer si sëtzt ganz alleng do.
arem prinzessin op der ierz…

1
scho wéi ech nach en däbbes war
hunn d’leit ganz schnell gesinn
en ass jo léif mee en huet leider
net sou mat der disziplin
déi aner kanner hunn an der
schoul ganz brav hier bänk gedréckt
an deen hei stoung alt nees virun der dier
well en hat sech net geschéckt

refrain
d’stëmm vun der vernonft seet
‘t wär gutt wann s de dech gi géifs
‘t wär gutt wann s de dech och mol upasse géifs
ech so sécher wär dat gutt an am selwechten otemzoch
quetschen och

2
jiddereen huet gehofft, wann e méi al gëtt
kann et just nach besser ginn
awer déi gëlle mëtt, kennen ech haut nach net
an ech sinn sou wéi ech sinn
an op der schaff war ech graff et war zimlech zéi
e patron kann ech net verdroen
et ass reng allergesch an ech wäert ni méi
fir engem vull seng felge schaffe goen

sproochgesang
du wëlls net agesinn wat ech scho laang gesinn
a wann s du do labers ech hätt problemer mat der disziplin
dann ass dat bal gelunn, net ganz vill wourecht drun
‘t ass ganz einfach sou, ech erkennen deng autoritéit net un
dofir hal dech net drun, ech passe mech net un
wann ech och probéiere géif, ech hätt schnell dee kierzere gezunn
an am upasse, mann, do muss ech passen dann
well do bass du an deng ganz hickecht souwisou vill besser dran
wee jo an amen seet, verbreet och net vill leed
ma deen dréit dozou bäi dass et op dëser welt net virugeet
‘t geet souguer hannerzech, dofir denk vijenzeg
a so et haart, net anonym am netz wéi d’sandy 70
an heiansdo jäizt de pak, dann hal dach mol de bak
ech weess och dass dat nervt a gi mir heiansdo selwer op de sak
a wann ech mol wéi dinn, an ze wäit gaange sinn
entschëllegen ech mech fir dat wat ech maachen, ni fir dat wat ech sinn

3
(wat kënnt dann do am schwaarze kleed ojeminee)
wéi bei sou munchem lidd ass och an dësem nees
dem doud säi reesender ënnerwee
op eemol froen ech mech, op menger leschter rees
war ech net total um holzwee
well ech hunn an d’gras gebass a fäerten ‘t ass geschass,
a klappe wéi mëll un der himmelspaart
du kënnt de péitruss raus, seet du bleifs wous de bass
so fissi, wat has du der dann erwaart?

refrain
an ech frot de péitruss
wéi wär et dann wann ech mech gi géif
wéi wär et dann wann ech mech lo upasse géif
an hee seet sécher wär dat gutt an am selwechten otemzoch
quetschen och

salzwaasser schmaacht net gudd
tréinen si net fir den duuscht
verdënn se mat zwou drëpse bludd

männer bauen net sou no beim
waasser architekte baue
mauren an de stau dee fëllt sëch
mat salzwaasser bis ganz uëwen
hin

wéi e kléi mat 4 bliëder
sammel d’tréine vun dengem mann
si si ganz wertvoll, versuerg se gudd

wanns’ de dann e fangerghutt voll
huës dann as däi mann e bop an
t’kann ee mol keng nuddel kachen
an den tréinen vun engem ganze liewen

1
mir liewen ënnert enger schiermherrschaft
well de schierm deen herrscht, an de schierm dee schafft
a mir hunn näischt méi ze soen, an näischt méi ze schaffen
ausser vu moies bis owes an de schierm ze gaffen
a mir gesinn näischt méi, kënne just nach kucken
well mer um schierm pechen, dass mer eis bal drun tucken
mee och kucke gëtt méi schwéier, well eis aen sinn es midd
a mir kréien net méi mat, wat ronderëm eis geschitt

2
moies ass et kee wecker, mee de schierm dee schellt
beim kaffi um schierm dann d’noriichten aus aller welt
an ënnerwee iwwerhëlt den täscheschierm da ganz
well de wee ass net d’zil, mee just nach distanz
amplaz vum tableau de bord am auto si schiermer komm
déi soen eis wéi laang et ass, bis mer beim nächste schierm ukomm
well e schierm léisst net op sech waarden, anescht wéi e star
vun engem schierm bei den nächsten, sou geet dat de ganzen dag

refrain
well de schierm ass schäin, an de schierm ass schaum
vum bett bis an d’bett, mir trennen eis nach kaum
an de schierm ass schaum an de schierm ass schäin
vun der wéi bis an d’graf, jidderengem säin

3
a mir hänken um schierm, wéi sklaven ugekett
et ass e falsche schierm, kee fallschierm deen eis rett
e mécht eis eppes vir, an e mécht eis eppes hannen
e mécht eis eppes baussen an e mécht eis eppes bannen
sou gi mer zu stëmmercher, stompeg a stomm
daf an duseleg an dronkel an domm
an dat geet éiweg weider, wa mer eis net rebelléieren
kënne mer eis vrum schierm zu doud ameséieren

4
am ufank sinn d’kette mam an net ze z’erkennen
ma bis de leschten dag kënne mer eis net vum schierm trennen
mir sinn net méi aarbechter, handwierker oder bauer
just nach e koup voll user, ronderëm d’auer
ma och dat emol net, well mer de schierm net benotzen
ma de schierm benotzt eis, mir loossen eis ausnotzen
a wa mer ausgenotzt hunn, leie mer do, krank an engem bett
mat faarwege kabelen un eng maschinn ugekett
an et ass net den dokter oder de paschtouer, deen eis seet
ob mer nach liewen, an ob de bols och nach geet
d’schiermherrschaft hält un, och an eisem leschten hiem
a wéini mer dout sinn, seet eis eng flaach linn, op engem schierm

epilog
an endlech si mer vum schierm verschwonnen
am schiermfräie raum endlech entbonnen
endlech an der onendlechkeet gelant
am séilemammenallengeland
awer d’onendlechkeet ass provisoresch
och des grouss fräiheet ass illusoresch
well mir ginn ëmmer nees gebuer, och wa mer et bereien
soulaang mer eis vum schierm, a vum schäin, a vum schaum, a vun der schold net an dësem liewe befreien

abite in malam crucem
ad litus belgicum ibo
valete et salvete

den herrgott
ass e ganz schlechten dj
keng ahnung vun iwwergäng
an och kee meter groove

a wanns de grad kanns danzen
leet en eppes op fir ze granzen
am grousse ganzen
huet en den job verfehlt

oh an den allah, de buddha,
de mohammed, den jesus
an och den john lennon
fir se net mam numm ze nennen

kee vun hinnen huet
des welt méi schéi gemaach
well se schon sou schéi war
awer de mënsch as nach ëmmer sou ellen

dofir gidd dach alleguer
den hellege geescht op
an och äre guru an är
voodoopopp

verstoppt dech och net hannert
fräie mauren
mee léier e fräie mënsch ze ginn
an dat ze maache wat s de wierklech wëlls sinn

huel pabeier
huel e steen
huel eng schéier
wee schléit ween

huel eng schéier
huel e steen
huel pabeier
wee schléit ween

schnick schnack schnuck
an ching chang chung
ween ass schonn am gaang
a wee fänkt eréischt un

ching chang chung
an tip tap top
dat spill fänkt nimools un
an et hält och nimools op

1
mir waren nach jonk a schéin
an net sou sofistikéiert
alles war méi einfach
net sou komplizéiert

refrain
de sänger konnt guer net sangen
hir lidder ware ganz ganz schlecht
an awer as et näischt méi schéines gin
wéi ze danzen op d’lidder vun eiser schülerband

2
eis kussen hun no big red geschmaacht
an ech hu laang gewart
meng hand ënnert dengem plower
dat koum net vun haut op mar

refrain
de gitarist huet just zwee akkorde kannt
de batteur war emmer aus dem takt
an awer as et näischt méi schéines gin
wéi ze danzen op d’lidder vun eiser schülerband

road movie
stroossefilm
e film a mengem kapp
wann ech op der strooss sin

road movie
an ech sin de star
deen hannert dem steier sëtzt
alleng dohin wou d’sonn éiweg ënnergeet

e soundtrack vu creedence
a steppenwolf
birelt brachial aus bëllege boxen

road movie
an de geescht sou fräi
keen ziel ze hun
well de wee d’ziel jo schon as

road movie
stroossefilm
de kapp sou eidel
an den tank voller bensin

e soundtrack vu free
a muddy waters
birelt brachial aus bëllege boxen

1
tock tock tock, bojuer madamm
tock tock tock, o looss mech eran
klingelingeling, du weess wéi ech sinn
klingelingeling, et gëtt zäit dass ech ginn
stinn ech vrun der dir
da wär ech gär am haus
a sinn ech bis dobannen
da wëll ech neess eraus
tock tock tock, bojuer madamm
tock tock tock, o looss mech dach eran

2
(an d’fra seet)
tock tock tock, eran an eraus
tock tock tock, dat hälls d’am kapp dach net aus
klingelingeling, eraus an eran
klingelingeling, wat wëlls de dann, mann
stinn ech vrun der dir
da wär ech gär am haus
a sinn ech bis dobannen
da wëll ech neess eraus
tock tock tock, bojuer madamm
tock tock tock, o looss mech dach eran

3
an deng mamma sot:looss kee friemen eran
dat war e gudde rot, an du lauschters op deng mamm
mee ech si kee friemen
an du weess ween un der dir steet
an ass déi viicht dir zou, da weess ech wat’s de wëlls
da son ech
tock tock tock, bojouer madamm
an da kommen ech zu der hënneschter dir eran

4
tock tock tock, bojuer madamm
o looss mech dach zu der hënneschter dir eran
klingelingeling
du weess dach wéi ech sinn, an dass ech och heinsdo
bei der hënneschter dir stinn

(an dann ass déi hënnescht dir fiicht)

ex-junkien iwwer 40,
jor a kilometeranderstonn,
a polyester verpaak
iwwerhuële mëch ganz aerodynamesch
vun hanne gesin ech hir déck wuëden
d’as net vill schéins

bei denen déi mer entgéint kommen
gesin ech dass hir boxen vill ze enk sin
si kënnen och net moie son
mol net laachen
si riskéire soss eng méck ofzeschlécken
an déi meescht si jo awer vegetarier

hun déi leit dann all näischt ze schaffen
sou matzen an der woch um 3 auer mëttes
oder sin déi schon all pensionnéiert
vläicht lafen se och hirer vergangenheet dervun,
oder no,
demno aus wéienger richtung se kommen

op alle fall inspiréiert dat thema mëch
awer och iwwerhaapt net fir e lidd,
och net fir soss eppes
dofir hun ech mer geduecht,
maach eppes draus
vläicht e lidd
oder soss eppes
éischter soss eppes

1

op ärem hellege wee

ginn ech kee meter weider

well duer wou dee wee geet

ass keng plaz méi fir e streider

 

keng plaz méi fir en nee

keng plaz méi fir e vläicht

um enn vun ärem holzwee

schwätze knëppel just a fäischt

 

op ärem hellege wee

ginn ech kee meter weider

 

2

du fuermann bleif mol stoen

dat hei ass net meng richtung

an dengem feierwon

fänkt eng grujeleg geschicht un

 

et wénkt den hiert mam staf

et huerelt de spillmann

ma de chauffer deen ass daf

an d’passagéier déi si blann

 

du fuermann bleif mol stoen

dat hei ass net meng richtung

 

3

eis séilen hu keng heemecht, eis séilen hu keen haus

si iere ronderëm ganz ouni zil an ouni paus

an de mënsch weess net méi wat et heescht mënsch ze sinn

well mir sinn e koup metaphysesch strummerte ginn

 

iwwerall entsteet e kult, iwwerall sinn nei reliounen

opgekläert oder okkult, duerch all klassen an natiounen

an déi gleeweg wësse mol net dass se gleeweg sinn

well si gleewen ze wëssen dass si net gleeweg sinn

 

déi eng erkennt een direkt well si géint de stroum schwammen

ma déi politesch korrekt kënnen an der mass verschwannen

op all eck steet e messias, op all eck en neie retter

wann s de ufänks ze zielen da gëss de séier pätter

 

hir relioun heescht wëssenschaft, hir relioun heescht toleranz

e krich fir de fridden oder e kampf géint d’ignoranz

am numm vum fortschrëtt vum verstand an der moral

diktéiere si geboter an nei forme vu ritual

 

a si versetzen an angscht a si leeën a ketten

déi géint déi si sech wiere grad sou wéi déi déi si retten

a mat all neier relioun kënnt eng nei inquisitioun

an d’medie këmmere sech ëm déi korrekt exekutioun

 

mir trauen eis näischt ze soen, trauen eis net opzestoen

a mir maachen an d’box vun angscht op der falscher säit ze stoen

an d’däischtert huet d’soen am europäeschen haus

well vum siècle des lumières ginn d’luuchten elo aus

 

4

du weess et gëtt elo eescht

wann d’lompen ufänken ze sténken

a wann däi fräie geescht

um quai steet do ze wénken

 

et seet dir dëse streider

all kand an och all geck

geet d’mënschheet vläicht och weider

d’mënschlechkeet bleift op der streck

 

du weess et gëtt elo eescht

wann d’lompen ufänken ze sténken

op ärem hellege wee

ginn ech kee meter weider

refrain
hues de loscht op verloscht ?
als puppelchen un denger mamm hirer broscht ?
hues de loscht op verloscht ?
als kand an dann och dono als jonke borscht ?
bass de bereet alles opzeginn ?
matzen am liewen, wéi um enn vun der linn ?
bass de bereet alles opzeginn ?
well et sou oder sou zu äsche wäert ginn ?

1
alles wat s de hues, an alles wat s de bass
gehéiert dir net, dofir looss et scho lass
spéitstens um enn muss de alles ofginn
wee scho manner huet, muss herno manner ginn
alles wat s de bass an alles wat s de hues
ass eng illusioun déi dir am kapp gewuess
lee mol alles op d’säit, a kuck an dech eran
wa guer näischt méi do ass, wat bleift der nach dann

2
eist dosinn ass vum grousse wee just e stéck
vun do wou mer kommen, duer gi mer och zréck
hues de et och genoss, esou laang wéi s de konnts
mir ginn net duerch d’liewen, d’liewe geet duerch ons
dofir gëff alles op, a klak et dohin
hief loscht op verloscht, léier dech opzeginn
free dech scho beim fale fir nees opzestoen
a vergiess net fir och nach merci ze soen

kanuya, nenamaya banbali

1
maach wéi d’leit, da geet et der wéi de leit
sou sot mäi papp, an huet et um stierwesbett bereit
e liewe laang geschafft fir dass et eis
sollt besser goen, dat war seng aart a weis
ma all säi schweess a säin asaz
waren um enn dach just fir d’kaz
vum gléck krute mir just amplaz
an der grousser maschinn seng plaz
a sou geet dat an engem stéck
déi kleng leit brieche sech de réck
firwat hu si net wéi déi déck
och schonn elo recht op hiert gléck

refrain
ech loosse mer näischt méi soen, näischt méi soen
well ech woen opzestoen, de bak opzedoen
net just schaffe goen, ze maache wat si soen

2
et léise sech d’generatiounen of
a schaffe sech net erop, ma éischter erof
a schweessen zu milliarden, t ass eng schan
fir ëmmer manner leit ëmmer méi räich ze maachen
anscheinend ass d’kris an der schold
de patron seet “hutt nach gedold”
ma kee kritt wat e kréie wollt
mol net dat, wat e kréie sollt
an d’scholde briechen eis d’genéck
mir schaffe just nach fir déi déck
och vum paschtouer sengem gléck
kréie mer eréischt nom doud e stéck

1
d’liewen ass schéin
den himmel deen ass blo
d’kiischtebeem déi bléin
du hues ni méi suergen an och keng plo

all déi schéi blummen déi de summer huet
si wéi vum herrgott e kuss
‘t ass just e bësse schued
dass du se vun ënne kucke muss

fir déi arm wéi fir déi mam goss
an all stad an am klengsten nascht
der doud ass ëmsoss
just dass en de leit d’liewe kascht

2
eng kéier ass et och un dir
ob a freed oder am leed
da rabbelt et un der dir
an ‘t ass de mann am schwaarze kleed

well der doud ass tolerant
an et ass och kee rassist
vun all faarw an aus all land
mir sin all am liewe just tourist

‘t gëtt keng wakanz, sou sot säi boss
net an der hëtzt an och net am frascht
der doud ass ëmsoss
just dass en de leit d’liewe kascht

3
ah, wéi gutt ass et ze liewen
och wann déi schéin deeg verginn
a wann een dono net misst stierwen
géif et vläicht e bësse langweileg ginn

dofir dir denker a philosophen
dat hei ass d’enn vun ärem striewen
dir kënnt mech roueg lige strofen
awer der doud ass de sënn vum liewen

enges dags si mer, ‘t ass gewosst
all op der éiweger mëttesrascht
der doud ass ëmsoss
just dass en de leit d’liewe kascht

wat wär et sou roueg
wat wär et sou stëll
wa kee méi seng wourecht
wouer huele wëll

kee skandal op der frontsäit
keng juegd an och keen hetzen
a wat wär da schonn e sträit
wa kee géif driwwer schwätzen

keng schluechten an och keng kricher
kee gewënner ka sech bretzen
wat wäre schonn helleg bicher
wa kee mënsch géif driwwer schwätzen

wat wär et sou roueg
wat wär et sou stëll
wa kee méi seng wourecht
wouer huele wëll

1
wann d’cannabis grouss sinn
da kafe mer e coupé
da maache mer den tour vun der welt
wann d’cannabis grouss sinn
ech son der, dat gëtt suppä
da maache mer just wat eis gefällt

keng wëndele méi wiesslen
kee wecker moies fréi
kee musekscours vergiessen
a kee babysitter méi

kee mamm a papp méi spillen
mee owes déck eraus
keng kanner méi zillen
an nees sex am ganzen haus

2
wann d’cannabis grouss sinn
da geet et an de süden
an den november loosse mer do
wann d’cannabis grouss sinn
no all hiren etuden
bleiwt fir eis den himmel blo

keng regele méi diktéiren
déi mir selwer net anhalen
keng vokabelen explizéiren
déi mer selwer net verhalen

keng virbiller marquéiren
mee mam schlechte beispill vir
a lusche kreeser verkéiren
an nees sex mat opener dir

3
an d’kanner déi si grouss ginn
‘t ass sou roueg am haus
mir sëtzen do, kee seet e wuert

wéi elteren déi verstouss sinn
an d’haus ass vill ze grouss ginn
a fir d’weltreess hu mer net genuch gespuert

awer zum gléck huet jiddereen
testosteron oder oestrogen
an dofir, ier mir eis ëmsinn
d’enkelkanner vrun der dir stinn

endlech nees wëndele wiesslen
a mir hu soss näischt méi ze dinn
wéi net ze vergiessen
dass mir d’babysitter sinn

endlech nees mamm a papp spillen
an de weekend doheem
fir déi schwäikanner ze zillen
dat hällt een op de been

an nees regelen diktéiren
och wann et eis net sinn
awer vokabelen explizéiren
domadd hu mir näischt ze dinn

a sollt et eis zevill ginn
sin déi kleng séier aus dem haus
a mat ganz vill gefill dinn
mir dann eis kleeder aus

a wat kënnt nom büstenhalter
do zielen ech näischt méi dervunn
well sex am drëtten alter
geet soss keen eppes un

1
d’wis ass geméiht
an d’hecke geschnidden
den auto gewäsch
an den noper zefridden

eis kanner sinn immens
konnte ganz fréih schwätzen
an der schoul och ganz staark
ma mir wëllen eis net bretzen

refrain
schäissegal wéi et dir geet
schäissegal ob een dech versteet
dat eenzegt wat zielt ass wat den noper seet

2
mir hunn en 2. auto an den 13. mount
mir hunn 1 schold um haus, dat ass dach besser wéi gelount
mir hunn eis 1/2 taasch an d’5/6 pensioun
2 kanner net gedeeft awer 1 auer fir d’kommioun

mir hunn 1 memberskaart am golf och wa mer guer net spillen
mir hunn 1 kannermeedchen wat eis kanner da soll zillen
mir hunn 1 veranda fir och am wanter ze grillen
mat 1 klimaanlag dran fir am summer schéin ze killen

mir hunn et zwar net néideg an trotzdem hu mer d’cactuskaart
mir hunn de grénge stroum an 1 kompostkéipchen am gaart
mir hunn en ordre permament fir d’croix-rouge opgemaacht
a kafe just nach regional am léiwsten nach um maart

mir hunn alles wat mer braauchen a souguer zweemol dervunn
mir kënnnen eis net bekloen a sinn awer net gutt drun
mir hunn, mir hunn, mir hunn, jo mee wat hu mer dann dervunn
wa mer alles opginn hunn u wat mer mol gegleewt hunn

3
jo, dat eenzegt wat zielt, ass wat den noper seet
a wat den noper net gesäit ass wat wierklech hei ofgeet
mir schwätze laanschteneen, ‘t lauschtert kee wat deen anere seet
ween’s d’och frees, weem’s d’et sees, ‘t ass keen do deen et versteet

an hannert der fassad do bréckelt ferm de lack
vum keller iwwert d’kichen, bis op den 1. stack
mir hunn es mega saat a ginn eis all krass op de sack
fack mir hunn eng famillien-neurosen-attack

eis kanner déi lappen a si kréihe just nach datzen
a wa se doheem sinn, da fir ze ratzen an ze latzen
well se all owend duerch d’bistro’n an d’diskoe fatzen
wa se sech net zerklappen oder alkopops katzen

de glaf dee mécht séileg, an de speck dee mécht fett
mir ginn eis keng méih méi an ‘t leeft och näischt méi am bett
eis famill fällt auserneen an ‘t ass keen do dee se rett
an dem noper geet et nach méi schlecht, do maache mer all wett

refrain
schäissegal wéi et eis geet
schäissegal ob een eis versteet
dat eenzegt wat zielt ass wat den noper seet

1
d’kand schléift, t’as alles roueg
de papp dee setzt um bett

an sengem härz do jäizt
en onrouegt kang

e sëtzt an denkt un aner zäiten
wat alles war, wat alles nach kënnt

wee sengt fir heen?
keen

Refrain
a säi papp huët och fir hee gesongen
a lo sengt e fir säi papp a fir säi kand
a seng mamm huet och fir hee gesongen
a lo sengt e fir seng mamm a fir säi kand

2
an de papp dee kuckt säi kand
an denkt: « wat gläicht e mir »

an en denkt: “t’as net méih laang”
“bis et un him as”

“dann muss heen fir seng kanner sangen”
“an och fir mech”

wee sengt da fir heen?
keen

wéi eng stad aus lego, mee all d’stécker si gro
an d’kanner déi se gebaut hu si scho laang net méi do
wéi eng stad aus lego, mee all stécker si gro
an de kläpper vum schoulhaff huet alles futti geschloen
wéi eng stad aus lego, ouni haus an ouni strooss
an d’kanner hunn net opgeraumt mee alles leiegelooss
wéi eng stad aus lego, vun all gudde geescht verlooss
an de béise geeschter fir hiert grujelegt spillchen iwwerlooss
wéi eng stad aus lego, mee all d’stécker si gro

wéi eng stad aus lego, an 8.000 joer opgebaut
ëmmer weidergereecht, duerch d’generatioune bis haut
wéi déi eelste stad aus lego, déi et jeemools gouf
a puer minutten an de koup gehäit vun engem houere bouf
a kee méi weess, wee sinn déi béis, an ob nach ass e gudden do
an déi grouss an déi kleng sti ronderëm a kucken no
a well si nëmme kucke menge si, si wären déi gutt
ma si mierken net, si hunn hir patten och scho voll mat blutt

allah, huel alleguer de kanner
de lego of, däi spill
ass hinnen dach schonn ze vill
allah, allah huel deng kanner
huel se nees mat heem
lee se an hiert bett aus leem
a wënsch hinne schéin
wënsch denge kanner schéin dreem

1
dem chef säi mond dee schwätzt mat mir
‘t kënnt just keen toun un am gehier
wat e seet verstinn ech net ganz
well mäi kapp deen ass an der wakanz

ech gesinn e genee wéi e vru mer steet
versti just kee wuert wat e seet
weess du wat’s de mech kanns
mäi kapp deen ass an der wakanz

refrain
dofir loossen ech dech roueg schwätzen
dech bekloen an dech bretzen
mierks de net dass deng plack hänke bleiwt
dofir wiëssel mol d’schweiw

2
op der telee schwätzt den här präsident
am hannergronn eng stad déi brennt
ech gleewe kee wuert wat en do zielt
a fir deen hunn ech guer net gewielt

op all deng bommen an däin hellege krich
hätte mer ganz gär verzicht
vill léiwer hätte mer mol erklärt kritt
a weem sengem numm dat geschitt

refrain
denge leit mat den helmer an de kapen
kanns de roueg deng lige verzapen
mierks de net dass deng plack hänke bleiwt
dofir wiëssel mol d’schweiw

3
an ech hunn e ganz anere problem
mäi bouf war eng woch net doheem
seng erklärung verstinn ech net ganz
mee et schéngt hee war an der wakanz

ech sot zu him bouf, wat soll dat do
lo lauschters de mir mol gutt no
soulaang wéi deng féiss ënnert mengem dësch
sinn ech deen deen d’regele hei mécht

refrain
an hee seet papa, du kriss jo guer näischt mat
komm mol erof an drénk e patt
mierks de net dass deng plack hänke bleiwt
dofir wiëssel mol d’schweiw

ya mann
ya mann, ya mann, ya mann, ya mann

ech wëll därs gras
iër ech dra bäisse muss
ech wëll därs gras
iër ech dra bäisse muss
ech gi gär gas, gi gär gas, gi gär gas,
awer relax mann, easy going

vum drénke gët ee voll
t’mëcht ee lauter saachen déi een nët soll
t’gët een domm, t’fiërt ee kromm
den dag drop huët een eng déck bomm

ya mann…

vum koxe gët ee staark
awer net fir laang
t’gët ee schwaach, déi deeg drop
t’huët een d’paranoia an der kopp

ech wëll därs gras
iër ech dra bäisse muss
ech wëll därs gras
iër ech dra bäisse muss
ech gi gär gas, gi gär gas, gi gär gas,
awer relax mann, easy going

1
de wiert fänkt un allerhand wibbeleg ze ginn
oh ob eemol si mer keng kollege méi
‘t gëtt héich zäit fir eng méck ze man
awer vun heemwéi sinn ech nach net geplot
déi eng oder déi aner krunneméck
denkt grad sou wéi ech dat gesinn ech am bléck
an op eemol si mer nees kollegen
op d’mannst fir eemol op den tour

refrain
an d’ganz welt jäizt ‘t ass zäit fir heem ze gon
awer net fir mech ! jäizt de papp zeréck
an d’ganz welt jäizt ‘t ass zäit fir heem ze gon
mee d’ganz welt déi ka mech emol
soss gëtt se jo och ëmmer ouni mech eens

2
an d’vulle päifen d’lidd vun der leschter chance
an ech froe si wat heescht hei tweet tweet
déi läschte chance fir sech ze tesselen
ier bei de feine leit de wecker schellt
a main handy seet mer, ech soll mol op menger mailbox uruffen
do zielt mer eng schécks eppes vun dix nouveaux messages
firwat schwätzt déi domm kou iwwerhaapt franséisch matt mir
an dann och nach an souenger of-ge-hack-ten-er aussprooch

3
ech spiere mech grad sou onstierflech,
an d’ganz welt gehéiert mir a menge frënn
op d’mannst vun hei bis bei den horizont,
a vun do aus bis bei de nächsten
da schwätz dach elo kee mer hei vun heemfueren
dësen historesche moment däerf ech net verschlofen
souwisou knecke mir ni
ausser wann déi aner leit schaffe ginn