Legotrip (2003)

So lauschter emol!
kafen op itunes

 

1.     Kossovomoss 4:42
2.     Salzwaasser 3:19
3.     Klenge Kinnek 5:01
4.     Uëlzechtdall 4:13
5.     Zäit fir heem 4:58
6.     Stroossefilm 4:20
7.     Schülerband 2:48
8.     Ya Mann 5:13
9.     Futtis Loscht 5:08
10.          Schlechten DJ 3:21
11.          Wee sengt fir heen? 3:28

Des Scheif gouf komponéiert, geschriwwen, opgeholl, gemixt a gemastered tëscht Mäerz a Mee 2003 vum Serge Tonnar.

Obwuel hie Kollegen huet déi dat vill besser kënnen, spillt hien déi Instrumenter (déi meescht beherrscht hien iwwerhaapt net, dofir si hien): Stëmmen, akustesch an elektresch Gittaren, Bass, divers Perkussiounsinstrumenter, Batterie, Brëttellspiano, Schnësspiano, dem Sabine säi richtege Piano an e chilenescht Blosinstrument deem säin Numm e selwer net weess, well do just Chile drop steetan e vietnamesescht Säiteninstrument, dat sech Dan Dhai oder sou ähnlech nennt. Doniewent huet en e puer bëlleg Schléi (beats) op sengem Kompiutä programméiert.

Obschonn dëst en (l)egotrip ass, seet de Serge dëse leit Merci: Dir, dem Sabine fir Inspiratioun, Kritik an Ënnerstëtzung, dem Tun an dem Luka fir aner Feeler ze maachen, dem Christiane, Manu a Yann fir d’Bludd ze deelen an dem Siggy, Nora, Sam an Nathalie, fir hiert ze spenden, dem Rubesch als virtuellen Nolauschterer, Moof, Gollo, Plakeg oder Ugedoen an Guy Schons, fir et an hirer Sprooch ze maachen, ZAP ZOO fir de Rockenroll, dem Jang Linster fir seng Éierlechkeet.

Wann Dir desen Disk kopéiert, da vreckt Äre Kompiutä a wesentlech Deeler vun Ärem Gehir. Ausserdeem schued Dir deene Leit, deenen hir Musek Iech gefält.