CASTING Chouersänger/innen Serge Tonnar & Legotrip

23. & 24.3. 2019
INECC
2 rue Sosthène Weis
L-2722 LUXEMBOURG-Grund

De Serge Tonnar & Legotrip maachen eng Tournée duerch Kierchen & Kapellen a sichen dofir Chouersänger/innen.

Viraussetzungen:
Sange kënnen (an dat op Lëtzebuergesch)
Noute liesen (an/oder ganz gutt Gehéier)
Disponibel sinn fir 12 Concerten am Oktober 2019

Um Casting sangt Dir 1 Lidd, wat Dir selwer eraussicht an 1 fir dat Dir Nouten & Opnam bei der Umeldung kritt.

Hei umellen bis den 19.3.2019 mat engem klenge musikaleschen CV