KIERCH AM DUERF TOUR 2019

Wéini
04/10/2019 - 24/10/2019
All Day

Wou

De Serge Tonnar a seng Grupp Legotrip si bekannt dofir hir Musek op ongewéinleche Plazen de Leit méi no ze bréngen, sief dat am Bopebistro, an enger Hiel am Mëllerdall oder an engem Spigelzelt aus dem leschte Joerhonnert. Fir 2019 iwwerrasche si alt erëm mat enger Tournée duerch lëtzebuerger Kierchen. Kierche si besënnlech Plazen, wou een zur Rou kënnt, a sech selwer kéiert, ob ee gleeweg ass oder net. Et sinn och Plaze vun der Musek a vum Gesank. An et sinn historesch an architektonesch spannend, interessant a schéi Plazen. Och wann een den Auteur a Komponist Serge Tonnar net direkt mat Relioun a Kierchen a Verbindung setzt, sou ass hien als Lidderschreiwert a Sänger dacks eppes wéi Priedeger, dee säin Evangelium ënnert d’Leit brénge wëllt. Seng Texter sinn oft philosophesch a spirituell a beschäftege sech, grad ewéi d’Reliounen, mat de wichtegste Froen vum Liewen.

Fir des Tournée ginn dem Serge seng Lidder dofir speziell arrangéiert, an d’Grupp gëtt begleet vun engem Dammechouer, deen no engem Opruff mam INECC, dem Institut Européen du Chant Choral, an d’Liewe geruff ginn ass. D’Arrangementer gi geschriwwen vum Eric Falchero, Georges Urwald a Jean-Marie Kieffer.

 

Organiséiert vu Legotrip, zesumme mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA, an Zesummenaarbecht mam INECC.

 

Museker:

Serge Tonnar, Eric Falchero, Rom Christnach, Dirk Kellen

Chouer:

Anne Koch, Astrid Godart, Corinne Filbig, Catherine Sauer, Gaby Wolter, Karin Muller, Lisa Kremer, Marie Weis, Mariette Weber-Dostert, Sandra Maringer

Arrangementer:

Eric Falchero, Georges Urwald, Jean-Marie Kieffer

 

Randschelt 3./4.10.

Helzerklaus 5./6.10.

Dikrech 11./13.10.

16.10. Giischterklaus 16./18./19.10.

Iechternach 20./23./24.10.

 

Infos & Reservatiounen: www.maskenada.lu

M:

T: +352 27489382

Map Unavailable