Merci Misch !

2014 an der Philharmonie (Foto: Tom Wagner)

De Misch hält op bei Legotrip, a mir drécken him en décke Merci aus, deen a Wierder net wierklech auszedrécken ass. No 9 Joer, e puer Honnert Concerten, 3 Alben, 2 Live-Alben, engem DVD, wonnerbare Cover-Designs als Grafiker, a virun allem onzielege flotte Momenter, wäerte seng Bengelen, déi sou dacks bei eis d’Tromm geschloen hunn, e bësse Rou fannen. De Misch ass e Multi-Talent, an hie konzentréiert sech an Zukunft op aner artistesch Projeten, fir déi mir him nëmmen dat Bescht wënschen. Legotrip leet elo eng kleng Paus an, bis dohinner sinn hei déi lescht Concerten, op déi mer eis nach mam Misch zesumme freeën.
Merci Misch, äddi & bon voyage, wou och ëmmer d’Rees soll higoen…