VERLÄNGERUNG: LEGOTRIP UNPLUGGED AM STUED THEATER

Déi 9 ugekënnegt Daten sinn all ausverkaf, dofir geet et an d’Verlängerung op dësen 3 Deeg.

Ënnert dem Titel “Legotrip” huet de Serge 2003 säin éischten Album mat eegene Lidder op Lëtzebuergesch erausbruecht. Haut heescht seng beschte Band vun der Welt esou a mat hier léisst en am Stued Theater d’Lidder vun deem Album unplugged nach emol nei opliewen. Den Album, dee laang vergraff ass, gëtt fir des Geleegenheet nei éditéiert.